© Eldoradio
Ee Mount laang keen Alkohol, vegan, mam Bus ënnerwee oder all Dag lafen – Wéi huet dat sech ugefillt?
D’Julie, d’Martine, de Chris an d’Catherine hate sech fir de Januar eng Challenge gesat, an zwar jiddereen eng ganz perséinlech.
D’Julie an d’Catherine hate sech virgeholl a punkto Consomatioun méi kuerz ze trieden, oder op alle Fall eppes un hirem Iess- an Drénk-Verhalen ze änneren. Wärend d’Julie 31 Deeg laang keen Alkohol ugepak huet, ass d’Catherine fir e Mount op eng vegan Ernärung ëmgeklommen.
Am Fazit kann ee soen, dass d’Julie schonn heiansdo Loscht op e Patt hat, ma et huet duerchgezunn (bis op e mini Tiramisu Fail) a séier gemierkt wéi vill méi Energie et duerch den Alkohol-Verzicht huet. Komplett op Alkohol verzichte wëll et zwar an Zukunft net mee d’Challenge kéint sech nach ëm e puer Deeg verlängeren.
Beim Catherine ass et esou, dass et a punkto Gesondheet net vill Ënnerscheed gemierkt huet: Heiansdo hat et souguer d’Gefill méi z iesse wéi virdrun. Dofir awer och méi bewosst a méi gesond. Beim Catherine huet sech séier erauskristalliséiert, dass vegan sinn am Alldag guer net esou schwéier ass wéi ee sech dat dacks virstellt an, dass et virun allem Spaass mécht.
Béide Januar-Challenger ass awer opgefall, dass hir Aufgab ënner normalen Ëmstänn wuel méi schwéier gewiescht wär wéi elo a Lockdown-Zäiten. Doheem op Alkohol ze verzichten an doheem vegan ze sinn, ass dann awer nach emol eppes aneres wéi wann een a Caféen oder Restauranten ënnerwee ass.
D’Martine an de Chris hate méi ongewéinlech Januar-Challengen. Wärend d’Martine ALL DAG lafe gaangen ass, huet de Chris op säin Auto verzicht.
Méi Organisatioun awer vill Virdeeler: Esou kéint een de Fazit bei béiden zéien. De Chris huet sech méi missen organiséiere fir mat Zäit iwwerall hin ze kommen, ma déi gutt Noriicht: Elo kennt en d’Bus- an Zuch-Linnen hei am Land quasi auswenneg. All ze schwéier waren déi 31 Deeg net, wat allerdéngs och doru läit, dass hien eng gutt Verbindung vun doheem bis op d’Aarbecht huet. Insgesamt géif en d’Challenge awer recommandéiere well d’Zäit moies am Bus een net just selwer entspaant mee och der Ëmwelt eppes Guddes deet.
Beim Martine war et änlech: Recommandéiere géif et d'Challenge zwar, ma et freet sech elo drop mol en Dag net lafen ze goen. D'Motivatioun ass einfach vun Dag zu Dag ënnerschiddlech, jee nodeem wat een nach alles ze maachen huet oder wéi d'Wieder dobaussen ass. Ma sech selwer esou eng Challenge ze setzen huet och Virdeeler: Et ass ee gezwongen un déi frësch Loft ze goen an dat wierkt sech natierlech positiv op de Kierper a Kapp aus.
Fazit vun deene 4: Jiddereen zitt eppes Positives aus der Challenge, géif et recommandéieren auszeprobéieren a géif dat Ganzt souguer nach emol untrieden.