Déi finanziell Hëllefe vum Staat géifen net duer goen an net séier genuch ukommen. 

Trotz dem schlechte Wierder haten sech fir den drëtte Samschdeg hannerteneen d'Leit aus der Horesca an der Stad versammelt fir gemeinsam op d'Situatioun vun hirem Secteur opmierksam ze maachen. Eng Situatioun déi nawell ganz dramatesch wier. Ee Stater Restaurateur huet eis géigeniwwer gesot, dass hien dovun ausgeet, dass alleguerten déi Betriber, déi e Samschdeg mat demonstréiert hunn, an der aktueller Situatioun Verloschter maache géifen. Säin eegene Restaurant géif den Ament zum Beispill 70 Prozent manner Ëmsaz maachen, ewéi dat an der Moyenne virun der Pandemie de Fall gewiescht wier.

Ma net nëmmen de Patrone vun de Restauranten, Caféen, Baren an Diskoe mécht déi aktuell Situatioun vun der Fermeture vun engem ganze Secteur ze schafen. Och vill Ugestallter hunn sech iwwert d'Ausbleiwe vun 20 Prozent vun hirer Paie beschwéiert. Ee Besëtzer vun enger Partie Etablissementer huet ausserdeem drun erënnert, dass een de psycheschen Impakt vun de Fermeturen net vergiessen dierft. Seng Ugestallter wiere Leit, déi hire Beruff enorm gär maache géifen. Deementspriechend, wiere si kengeswees frou doriwwer den Ament net ze schaffen. D'Suen wieren do déi eng Saach. Ma sengen Ugestallte géif et och drëm goen endlech erëm kënnen ënner Leit ze sinn an dee Beruff ze maachen, deen si perséinlech ausfëllt.

Natierlech war dat Finanziellt awer och ee wichtegt Thema bei Leit, déi sech e Samschdeg um Knuedler versammelt haten. E grousse Kritikpunkt war dann och, dass d'Hëllefen, déi vum Staat versprach goufen, just zum Deel bei de Betriber ukomm sinn. Vu ville Patronen huet een héieren, dass si bis ewell just de Chômage partiell kruten. Op déi aner Hëllefen, ewéi zum Beispill Déi fir déi net gedeckte Käschten, géifen si den Ament nach waarden. Nieft dem finanziellen Aspekt wier et awer och de generelle Mangel u Planungssécherheet, deen de Leit aus der Horesca ze schafe mécht. Wann een all 2 bis 3 Wochen eng nei Perspektiv fir eng Reouverture kréie géif, wier et schwéier sech allkéiers nei unzepassen.

Et war de Leit aus dem Secteur awer och wichteg ze soen, dass si Verständnis fir déi aktuell komplizéiert Situatioun hunn. Ma trotzdeem, misst de Staat hirer Meenung no méi séier an onkomplizéiert hëllefen. Et erwaart een sech deemno e kloer Signal vun der Solidaritéit. Dëst géif doranner bestoen, dass de d'Regierung déi administrativ Demarchë fir déi verschidde finanziell Hëllefen unzefroe vereinfachen an déi accordéiert Hëllefe méi séier ausbezuele géif. De Staat misst esou vill ewéi méiglech dofir maachen, dass déi verschidden Etablissementer déi aktuell Kris ouni Verloschter iwwerstoe géifen. Ëmmerhin, géif d'Zukunft vun engem ganze Secteur um Spill stoen.

D'Betriber aus der Horesca mussen nach bis op d'mannst den 21. Februar hir Dieren zouloossen. Bis dohinner wëllen d'Mënschen aus dësem Secteur weider op d'Stroosse goe fir op hir Situatioun opmierksam ze maachen.

Lauschtert hei dee ganze Reportage!