© Screenshot YouTube
Am "Behind The Songs" kucke mir dës Woch wéi verschidde Kënschtler hiert Engagement géint Rassismus a Policegewalt an hire Lidder verschaffen.
An den USA gëtt wärend dem ganze Februar Black History Month gefeiert. Ënner anerem gëtt déi zentral Roll vun den Afro-Amerikaner an der US-Geschicht ervirgehuewen. Zënter e puer Joer gouf awer och d’Wichtegkeet vun der Beweegung "Black Lives Matter" ëmmer méi grouss. Dat zemools nom Mord vum George Floyd lescht Joer.
Ville Museker war et deemno wichteg op dës Aktualitéit ze reagéieren. Zum Beispill huet d’Sängerin H.E.R. säi Lidd "I Can’t Breathe" genannt, wat de George Floyd a vill aner Afro-Amerikaner virun hirem Doud gesot hunn. Dësen emotionale Song, deen am Juni erauskomm ass gouf zur Hymn géint d’Policegewalt.
Wat d’lescht Joer och ville kloer gouf ass datt déi wäiss Populatioun sech hirem Privileeg bewosst muss ginn a sech fir Anti-Rassismus asetze soll. Dat hunn de Machine Gun Kelly an Travis Barker och verstane wéi si e Cover vu Rage Against The Machine erausbruecht hunn. D’Protest-Lidd heescht "Killing in the Name". D’Zil war et d’Anti-Rassismus-Beweegung z’ënnerstëtzen.
Op der ganzer Welt war dem DaBaby a Roddy Ricch hire Song "Rockstar" an de Charts. Nom George Floyd sengem Mord hunn déi 2 e Remix vum Lidd erausbruecht an deem den DaBaby iwwer seng eegen Erfarung mat Rassismus a Policegewalt erzielt.
Och d’Beyoncé huet sech am Juni zu Wuert gemellt mam Lidd "Black Parade" dat 4 Grammy-Nominatioune krut. An deem Song geet et ënner anerem ëm Resilienz.