Groussbritannien ass weiderhin am haarde Lockdown an d’Liewe fir d’Britten ass zimmlech monoton.

Ofgesi vu Supermarchéen an anere wichtege Butteker, ewéi Apdikten, ass am Moment einfach alles zou. Dozou gehéiere Restauranten, Caféen, Baren, Fitness Zenteren, Kinoen, Theateren an zeguer d’Schoulen. An elo gouf annoncéiert, dass sech heirunner virum Mäerz garantéiert näischt ännere wäert. Mee och wann d’Regierung eréischt Enn Februar hiren offizielle Plang fir aus dem Lockdown erauszekomme virstellt, esou hunn d’Britten elo schonn eng graff Iddi wat ob si duerkomme wäert.

Lauschtert hei de Reportage:

Ab fréistens dem 8 Mäerz sollen d’Schoulen nees opgoen, an dat lues a lues iwwert e puer Woche verspreet. Duerno, am Abrëll, wären dann d’Geschäfter an d’Fitnesszenteren drun, an et gëtt sech erwaart, dass een sech ab dann och nees mat Leit mat deenen een net zesumme wunnt dobaussen treffen dierf. Fréistens ab Mee dierften dann d’Restauranten an d’Baren nees opgoen. Wat duerno geschitt, ass am Moment nach schwéier virauszesoen.

RTL

© pixabay.com

Mee eng Saach ass scho sécher, de Festivalsummer hei a Groussbritannien wäert et och dëst Joer nëmmen ageschränkt – wann iwwerhaapt – stattfannen. De Glastonbury Festival, dee bekanntste Festival am Land, gouf elo schomol präventiv ofgesot an et wäert sécher net just heibäi bleiwen. D’Britte mussen also nach laang op d’Zänn bäisse bis nees eng gewëssen Normalitéit hei a Groussbritannien herrsche wäert.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter