Verschidde Leit verzichte gären drop, anerer kënnen net ouni: Chillien. Net nëmme gi si dem Iessen de spezielle Kick, mee se sinn och nach gesond!

Lauschter hei!

A verschiddenen Etüden hu Wëssenschaftler erausfonnt, datt schaarft Iesse gutt fir eis Gesondheet ass an esouguer glécklech mécht. Verantwortlech dofir ass de Caspaicin, deen d'Nerven am Mond stimuléiert. Dat ass dee Wierkstoff, deen d'Pimente schaarf mécht. Wann et bei eis am Mond brennt, erkennt d'Gehier dat als Péng. Fir deem entgéintzewierke gi Gléckshormoner fräigesat.

Gäre fänkt ee jo dann och u mat schweessen. De Grond heifir ass déi erhéichten Duerchbluddung. Och wa schweessen éischter onangeneem ass, huet dat dee positiven Nieweneffekt, datt eise Kierper doduerch ofkillt. Dat erkläert och firwat a waarme Länner dacks schaarf giess gëtt. Déi erhéichten Duerchbluddung verklengert zudeem de Risiko fir kardiovaskulär Krankheeten, wéi zum Beispill en Häerzinfarkt. Ausserdeem hu schaarf Liewensmëttel eng antibakteriell an desinfizéierend Wierkung - reduzéieren also domadder de Risiko fir eng Liewensmëttelvergëftung.

Och beim Ofhuelen hëlleft de Perperoncino. Ënnert anerem hëlleft e fir méi séier Fett ze verbrennen a reegt de Stoffwiessel un. Ass een et ausserdeem net gewinnt schaarf z'iessen, ësst een automatesch méi lues an ass méi séier sat. Wann d'Moolzecht éischter fetteg ass, suergt de Capsaicin fir eng besser Verdauung a reduzéiert de Risiko fir Bauchwéi.

Iwweregens stëmmt et net, dass schaarft Iessen eis "Geschmacksknospen" ugräift. Genee de Géigendeel ass nämlech de Fall: D'Schäerft fungéiert wéi e Geschmaachsverstäerker - bëssen esou wéi Salz. Ze vill dovun ass ongenéissbar, mat där richteger Doséierung schmaacht et awer vill besser.
 
Natierlech soll een awer elo net iwwerdreiwen. Wann een net un dat pickegt Iesse gewinnt ass, kann een de Soud oder Verdauungsproblemer kréien, wat net esou flott ass.