De Smartphone läit op der Kusch a gläichzäiteg gëtt d'Batterie gelueden. Dat ass net just ee Wonschgedanken, mee eventuell deemnächst Realitéit.

Lauschtert eran

Aktuell ass et esou, dass vill Leit hire Smartphone iwwert d'Nuecht oplueden. Kuerz iert ee sech an d'Bett leet gëtt den Handy un de Stecker gehaangen esou, dass en den nächsten Dag nees voll gelueden ass. Eng Alternativ dozou sinn déi sougenannten Induktioun-Luetstatiounen op déi een den Handy just nach muss drop leeë fir ze lueden. Ganz ouni Kabel kann een dësen also oplueden.

Ma eng chinesesch Firma geet elo do nach ee Schratt méi wäit. Den Handy-Hiersteller ''Xiaomi'' wëll et nämlech méiglech maachen, dass ee säi Smartphone kann aus der Distanz oplueden, ganz ouni Kabel an ouni Luetstatioun op déi een e muss drop leeën. Ganz vereinfacht erkläert géing dat heescht, dass e speziellt Gerät, dat esou grouss ass wéi een Nuetsdësch, d' ''Mi Air Charge'' -Technologie verbaut huet an deen néidege Stroum a Form vu Milimeterwellen iwwert speziell Antennen, direkt un den Handy schéckt. Dëse wandelt dat dann an elektresch Energie ëm.

Déi Iddi hält awer net beim Smartphone op. Et gëtt dru geschafft, dass och Smart-Watches a Fitness-Aueren doriwwer hire Stroum kënnen zapen. D'Iddi ass natierlech gutt, ma wéi eng Aflëss dat op eis Gesondheet huet ass nach net matgedeelt ginn. Schliisslech ginn do niewent der ganzer Stralung déi souwisou scho vum Handy ausgeet, weider Stralen a Richtung Smartphone geschéckt.

Wéini dat Gerät op de Marché kënnt a wéi vill dee Spaass kaschte soll ass awer nach net gewosst.