© Unsplash
Quasi wéi Zocker, just méi séiss an ouni Kalorien: Séissstoff! Mee wou kennt den Zocker-Ersatz eigentlech hier? D'Entdeckung u sech rengen Zoufall!
Déi 4 bekanntste Séissstoffer si Saccharin, Cyclamat, Aspartam a Sucralose. Wien awer elo mengt dass aktiv no engem Zocker-Ersatz gesicht gouf, dee leit falsch.
1897 gouf zum Beispill Saccharin vun engem Wëssenschaftler entdeckt, deen am Fong mat Godrong experimentéiert huet. De Gudden Här hat enges Daags virum Iesse vergiess seng Hänn ze wäschen a sech gewonnert firwat alles esou séiss schmaache géif. De Fuerscher war entschloss de Grond erauszefannen an huet kuerzerhand einfach alles am Labo geschmaacht. Dobäi huet hien e Stoff fonnt, deen 300 Mol méi séiss ass ewéi Zocker: Saccharin. Dat klengt zwar net wierklech wëssenschaftlech oder gesond, mee ass anscheinend guer net esou seele virkomm.
Den Här dee Cyclamate entdeckt huet, hat seng Hänn nämlech och net gewäsch. Hien hat eigentlech un engem Medikament géint Féiwer gefuerscht a sech bei enger Fëmmpaus gewonnert, dass seng Zigarett séiss schmaacht. Och den James Schlatter hat sech an de 70er bei der Fuerschung un engem Medikament géint Schwieren net un d'Hygiènesmesuren am Labo gehalen. Dobäi huet hien de Séissstoff Aspartam fonnt.
Sucralose ass 1976 entdeckt ginn. Des Kéier huet och kee vergiess seng Hänn ze wäschen, de Wëssenschaftler hat ganz einfach keng Anung wat hien eigentlech maache sollt. Anstatt wéi geplangt de Stoff ze testen, huet de Fuerscher nämlech "schmaachen" verstanen. D'Substanz war glécklecherweis net gëfteg an huet sech als Sucralose erausgestallt, 600 mol méi séiss ewéi Zocker.
Zum Schluss hale mir also fest: Wëllt dir och en neie Séissstoff entdecken, da braucht dir iech weder d'Hänn ze wäschen, nach un d'Virgaben ze halen. Iwweregens hunn déi meeschte Séissstoffer keng Kalorien, well se net vum Kierper verschafft kënne ginn.