Wéinst der Pandemie huet ee lescht Joer misste vum Student vir een Dag op eng virtuell Versioun ëmklammen, déi iwweregens dëst Joer an der Fuesvakanz ass.

Lauschtert eran

D'Association des Cercles d'Etudiants Luxembourgeois, kuerz ACEL organiséiert och dëst Joer den ''Student fir een Dag''.

Eigentlech hunn d'Schüler do d'Méiglechkeet mat enger organiséierter Rees sech hir potentiell Studentestad ukucken ze goen, wärend deem gi se da vu lëtzebuerger Studenten op der Plaz encadréiert.

Duerch de Coronavirus ass d'Konzept op enger virtueller Basis an d'Liewe geruff ginn. Iwwert Videokonferenz kann ee sech also esou informéieren, wat de Virdeel huet, och kënne Stied virzestellen déi méi wäit ewech sinn. D'Schüler kréien esou Informatiounen aus éischter Hand ronderëm d'Stad an d'Studenteliewen. Dat ganzt wäert deemno an der Fuesvakanz sinn.

Freides den 19. Februar gëtt Lausanne an Aberdeen virgestallt. Samschdes den 20. Rotterdam a Groussbritannien am allgemengen a Sonndes den 21. gëtt Oxford am Bundesland Ohio virgestallt.

Dat ganzt leeft iwwert d'Plattform Zoom of mat Presentatioune vun deenen eenzele Länner. Ganz zum Schluss hunn d'Schüler och d'Méiglechkeet Froen ze stellen.

Deel huele kann ee ganz einfach iwwert hiren Internetsit www.acel.lu