2 Experten hu sech dem ultimative Lockdown-Hobby, dem Baken, ugeholl a passend zu der Saison: Fueskichelcher gezaubert.

Et ass Fuesent!

Trotz Pandemie muss een d'Fester feiere wéi se falen (wann och anescht wéi soss). Dowéinst gouf sech um Fetten Donneschdeg an der Eldo Redaktioun verkleet an haut um Freideg virum Fuesweekend goufe Fueskichelcher gebak. D'Martine kacht gären, d'Catherine baakt gären, misst jo klappe wann een déi Zwee ustellt dat leckert Gebäck ze maachen. Dass se allerdéngs nach ni Fueskichelcher selwer gemaach hunn an dat Ganzt och nach bausse bei Minustemperature soll gemaach ginn, dat dierft jo kee Problem sinn... oder?

Lauschtert eran

Moies gouf den Deeg no dësem Rezept preparéiert:

  • 1kg Miel
  • 6 Eeër
  • 300g Zocker
  • 300ml Mëllech
  • 300g Botter (Zëmmertemperatur)
  • 2 Päck frësch Hief
  • 1 Prise Salz
  • a Pudderzocker fir duerno driwwer ze maachen

STEP 1:

Fir d'éischt gëtt d'Hief mat e bësse Mëllech (liicht waarm) opgeléist. Dee léist een da ronn 30 Minutten opgoen.

STEP 2:

Duerno kommen déi rechtlech Ingredienten dobäi an alles gëtt gutt gekniet. Falls den Deeg ze dréchen ass, einfach nach e bësse Mëllech dobäi maachen a falls en ze kliewreg ass, nach e bësse Miel dobäi maachen. Dësen Deeg gëtt dann nach emol ofgedeckt an opgoe gelooss bis e sech bal verduebelt huet.

An dunn ass et fir eis Fueskichelchersexperten eraus gaangen:

STEP 3:

Op enger liicht bemielter Uewerfläch (oder wéi mir et gemaach hunn freestyle dobaussen) ausrullen, a Sträife schneiden an zu Fueskichelcher, also Kniet, formen. Wiem dat ze ustrengend ass: D'Catherine huet gemengt Fuesbäll missten dach genee esou gutt schmaachen.

Duerno schmäisst een d'Verwurrelter an dat waarmt Fett (Friteuse oder Ueleg an der Pan) a frittéiert se bis se krupseg brong sinn. Wann der d'Fueskichelcher eraushuelt, loosst se op Kichepabeier "entfetten" a maacht Pudderzocker driwwer.

An da ganz WICHTEG! STEP 4: Schmaachen!

De Fazit: Fueskichelcher maachen ass guer net esou schwéier, ma et brauch ee schonn e bëssen Zäit an dat richtegt Material. Klenge Pro Tipp, banne baken ass méi einfach ewéi baussen. Geschmaacht hu se trotzdeem, soen net just d'Martine an d'Catherine mee och de Recht vun der Eldo-Redaktioun.

© Eldoradio

Wéi dat Ganzt an der Eldo-Versioun ausgesinn huet, dat fannt der hei.