En adaptéierte Stufeplang soll et iwwerdeems erlaben, dass d'Schoulen och bei enger méi staarker Presenz vum Virus opbleiwe kënnen.

D'Schoule wäerten no der Fuesvakanz nees op goen. Dat sot den Educatiounsminister Claude Meisch am Kader vun enger Pressekonferenz um 11 Auer en Donneschdeg de Moien. Et wéilt een och an Zukunft probéieren esou vill ewéi méiglech Presenz-Unterrecht unzebidden.
Am Dialog mat den diverse Partner aus der Educatioun hätt sech nämlech de Konsens erginn, dass d'Schoulen esou laang ewéi méiglech opbleiwe missten. Dat géif am Interessi vun de Kanner leien. Si géifen d'Schoul, hiren Enseignant an déi sozial Kontakter mat hire Frënn brauchen.

Méi streng Maske-Flicht a méi Tester

D'Schoule wäerten no der Vakanz allerdéngs ënner däitlech méi strenge Konditiounen opgoen. Esou soll d'Maske-Flicht däitlech verschäerft ginn. Bis ewell hu just d'Schüler an d'Schülerinnen aus de Lycéeën hir Masken och am Cours unhale mussen. Ma vum 22. Februar u wäert dëst och an de Grondschoulen de Fall sinn. Och an de Maisons Relaise wäerten d'Kanner hir Masken unhale mussen. Ausname vun der Maske-Flicht sollen et just fir d'Kanner aus dem Cycle 1 an d'Schüler aus de Kompetenzzentere ginn.

D'Schoulpersonal an d'Schüler a Schülerinnen sollen dann och méi dacks getest ginn ewéi bis ewell. Esou sollen alleguerten d'Enseignanten aus de Grondschoulen, Lycéeën, Kompetenzzenteren a Museksschoulen eng Invitatioun fir de Large-Scale-Testing geschéckt kréien an déi mobil Ekippe solle verstäerkt agesat gi fir d'Schüler an de Schoulgebaier ze testen. Dobäi sollen d'Schüler Schülerinnen a Schoulen an deenen de Virus méi present ass méi dacks getest ginn.

Iwwerdeems géif den Educatiounsministère zesumme mat der Santé kucke fir Schnelltester unzeschafen. Dës sollen am Laf vum Mäerz an de Schoulen agesat ginn an et erlaben d'Schüler nach méi dacks ze testen. Sou wëll ee méi detailléiert Informatiounen doriwwer kréien op de Virus an enger Klass, respektiv enger Schoul present ass.

Ausserdeem soll verstäert dorops opgepasst ginn, dass kee Schüler méi ouni negativen Test aus der Quarantaine zeréck an d'Schoul komme kann. Do hätt een dem Minister no festgestallt, dass an der Vergaangenheet ze vill Schüler ouni, dass si op de Virus getest goufen, no enger Woch vun hiren Elteren zeréck an d'Schoul geschéckt goufen. Schüler, déi keen negatiivt Testresultat hunn wäerten, dem Minister no, elo méi laang an der Quarantaine bleiwe mussen.

En adaptéierte Stufeplang soll sécherstellen, dass d'Schoulen opbleiwen

En adaptéierte Stufeplang soll et dann erlaben, dass d'Schoulen och bei enger méi staarker Presenz vum Virus opbleiwe kënnen. Dat andeems a Schoulen an deenen de Virus méi Presenz weist nach méi streng Mesure kënnen decidéiert ginn.

Wann déi sanitär Situatioun er erfuerdert, wäerten d'Schüler an d'Schülerinnen déi an enger Grondschoul an der nämmlechter Klass sinn och mëttes an der Maisons Relais zesumme bleiwe mussen. Deemno wäert et dann net méi zu enger Vermëschung vu Schüler aus verschiddene Klassen an de Maisons Relaise kommen. Wann d'Presenz vum Virus an enger Schoul ze staark ass, wäerten dann och Aktivitéite wéi de Sport, d'Scouten an d'Museksschoule mussen ageschränkt ginn.

Bei enger staarker Presenz vum Virus mussen d'Schüler aus enger Klass och an der Maison Relais zesumme bleiwen!

Wann eng erhéichte Presenz vum Virus an engem Lycée nogewise gëtt, wäerten och d'Schüler vun de 5èmen a 6èmen an den Homeschooling geschéckt ginn. Et wäert een allerdéngs alles dofir maachen, dass d'Schüler vun de 7èmen an de Premièrë weiderhi Presenz-Unterrecht an de Schoulen hunn. Bei de Premièrë wier et wichteg si esou gutt ewéi méiglech op den Ofschlossexame virzebereeden. Bei de 7èmë wier et andeems esou, dass den Iwwergang vun der Grondschoul an de Lycée schonns a normalen Zäiten dacks schwiereg wier. Dowéinst wier et wichteg si am Presenz-Unterrecht ze hale fir si esou gutt ewéi méiglech ënnerstëtzen ze kënnen.

Och an de Lycéeë wäert et bei enger erhéichter Presenz vum Virus zu Upassunge kommen!
D'Schüler vun de 7èmen a 1ère sollen esou laang ewéi méiglech an de Schoule bleiwen!

Wann d'Presenz vum Virus an enger Schoul nogewise gëtt, wäert eng betraffe Klass vum éischte Kontakt mat enger positiver Persoun un a Quarantaine gesat ginn. Bis ewell war et nach esou, dass d'Klass dann nëmmen intern an der Schoul isoléiert gouf. Et wäert och méiglech sinn, ganz Cyclen, Annexe vu Schoulgebaier oder ganz Schoulen a Quarantaine ze placéieren.

Et misst een dem Minister no dann och dovun ausgoen, dass et nëmmen eng Fro vun der Zäit wier, bis de Gros vun den Neiinfektioune mam Virus op eng mutéiert Variant vum Virus zeréckzeféiere wier. Ma och an deem Fall misst ee kucke wéi een d'Schoulen esou laang ewéi méiglech ophale kéint. De Modell, deen a sou engem Fall declenchéiert gëtt, gesäit fir, dass nëmmen nach Moies Presenz-Unterrecht an de Schoule stattfanne géif. Mëttes wieren d'Schüler dann am Homeschooling. Ausserdeem wäerten dann esouwuel d'Kantinnen an de Schoulen ewéi och d'Masions Relaisen zou sinn. D'Eltere géifen dann erëm e Recht op de Congé pour Raisons Familiales kréien.

Et wäert een awer kucke fir mëttes punktuell Aktivitéiten an de Schoulen a Lycéeën unzebidden. Dëst fir déi Schüler ze ënnerstëtzen, déi een iwwer Distanz méi esou gutt erreeche kéint an eventuell schoulesch Lacunnen opzeschaffen. Fir sécherzestellen, dass alleguerten d'Schüler um Homeschooling participéiere kënnen huet de Ministère iwwerdeems e Stock vu 5000 Tablets ugeluecht fir dës bei Bedarf un d'Schüler ze verdeelen.

Programm vum Premièresexame gëtt gekierzt

Schliisslech wäert et am Allgemengen zu Upassunge beim Schoulprogramm kommen. Hei soll sech virun allem op déi Inhalter konzentréiert ginn, déi wichteg sinn, fir am nächste Joer gutt virun ze kommen. De Programm, dee fir d'Premièresexamen ze léieren ass wäert dann och gekierzt ginn. Dëst fir et de Premièresschüler ze erlaben sech gutt op den Examen ze preparéieren an hinnen d'Chance ze ginn eng gutt Moyenne ze realiséieren an op där Uni, fir déi si sech entscheeden ugeholl ze ginn.

Lauschtert hei de Reportage!