6 Schüler aus dem Lycée classique d'Echternach wëllen déi klassesch Drénkspiller revolutiounéieren...

En normalen Dësch zu engem Partydësch ëmfunktionéieren, dat geet ganz einfach. An zwar an deem een d’Napp vun der Mini Entreprise "Partydësch" drop leet. De Projet gouf vu 6 Schüler aus dem LCE an d’Liewe geruff well si klassesch Drénkspiller revolutionéiere wollten.

Dofir hunn déi Jonk sech mat enger lokaler Drockerei zesumme gesat an eng multifunktional Party-Napp designed. Deemno huet ee mat dësem Gadget ëmmer divers Partyspiller bei Hand.

Wien un esou Spiller denkt land fréier oder spéider beim Beerpong, ma och wann dat eent vun den agezeechente Spiller ass, bitt d’Napp d’Méiglechkeet déi klassesch Spiller méi ofwiesslungsräich ze maachen respektiv nei innovativ Spiller ze entdecken

Vu bekannte Games bis selwer ausgeduechte Challenge, 5 verschidde Spiller fënnt een an der Gebrauchsuweisung. Ma benotzt een dann nach verschidde Gadgeten oder wandelt d’Spiller e bëssen of sinn d’Méiglechkeeten natierlech grenzelos.

De Prototyp steet also, elo muss d’Napp just nach an de Verkaf kommen, doru schaffen d’Schüler da momentan.

De Käschtepunkt läit da bei ronn 40 Euro ouni Gadgeten. Dës kann ee sech dann nach eenzel dobäi kafe respektiv nobestellen, oder et decidéiert ee sech fir de Gesamtpackage, dee läit tëscht 50 bis 60 Euro.

Lauschtert den Interview hei

D’Gebrauchsuweisung an en éischte Bléck op d’Napp, déi vun de Jonken designed gouf  fannt dir hei.