Vum 10 bis de 14 Februar ass an der Rockhal eng Serie un Concerten, ënnert dem Thema "Because Music Matters" mat spezielle Mesuren organiséiert ginn.

D'Concerte sinn zesumme mat der Santé organiséiert ginn a waren e bëssen anescht wéi d'Concerten déi ee vun virun der Pandemie kennt. Esou huet een zum Beispill missten 2 Covid-19 Tester, dorënner ee Schnelltest, maachen, fir dierfen um Concert deelzehuelen. Wärend dem Concert selwer huet een da missten op senger Sëtzplaz bleiwen, dat ganzt natierlech mat senger Mask. Iessen oder drénke war dann och net erlaabt. Dat ganzt am Kader fir Informatiounen ze sammele fir schnellstméiglech sécher Live-Eventer organiséieren ze kënnen.

An trotzdeem konnt den 360 Grad Concert, eng zentral Bün mat de Sëtzplaze ronderëm, mat enger eenzegaarteger Atmosphäre punkten.

Wat genau d'Eldoland nach doriwwer denkt a wéi si d'Mesuren halen, dat gitt dir hei gewuer!

Lauschter hei!