Et gi Lidder déi een dacks um Radio héiert mee et kennt een net onbedéngt de Kënschtler. Entdeckt hei d'Celeste.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

D’Celeste ass déi éischt brittesch Sängerin zënter 2015 déi bis op déi éischt Plaz vun de UK-Album-Charts koum. Dat mat sengem Debut-Album "Not Your Muse" deen den 29. Januar erauskomm ass. Déi 26-järeg Musekerin ass a Kalifornien op d’Welt komm mee ass a Groussbritannien opgewuess. Am Januar d’lescht Joer huet d’Kënschtlerin de "BBC Sound of 2020 Award" gewonnen an ass ee Mount duerno déi éischt Kéier bei de Brit Awards opgetrueden.

Ee vum Celeste senge gréisste Succèsen ass d’Lidd "Stop This Flame".

D’Sängerin gouf rezent fir e Golden Globe nominéiert fir säi Lidd "Hear My Voice", de Soundtrack vum Film "The Trial Of The Chicago 7". Ganz dacks gëtt d’Songwriterin mat der Legend Nina Simone verglach a seng Stëmm kann och un d‘Amy Winehouse erënneren.

Eent vun de neie Lidder op sengem Album ass "Love is Back" wat den 31. Dezember lescht Joer als Single erauskomm ass.

D’Celeste hat wéinst dem Coronavirus keng Chance eng grouss Tour op d’Been ze setzen. Hatt mécht sech an deem Kontext vill Gedanke fir Concertssäll déi vläicht wéinst der Kris mussen hir Diere fir ëmmer zoumaachen.

D’Sängerin huet och seng Angscht matgedeelt dass seng Musek wärend der Pandemie vergiess géif gi mee de Succès vum Album huet genee de Contraire bewisen.