Groussbritannien ass nach ëmmer am haarde Lockdown. Mee vir wéi laang nach?

Fir d’Britten heescht dat weiderhin doheem bleiwen, keng Famill a Frënn gesinn a waarde bis sech d’Lag lues a lues nees verbessert. Säit Ufank November ass dat elo schonn den Alldag fir déi meeschte Britte mee elo kennt Hoffnung op, dass den haarde Lockdown geschwënn endlech fäerdeg kéint sinn. An dat well d’Impfstrategie vun de Regierung opgoen ze schenkt.

Lauschtert hei de Reportage:

Normalerweis soll ee jo déi zweet Dose vum Vaccin ronn 2 Wochen no der éischter kréien, dat recommandéieren op jiddwer Fall emol d’Firmen déi den Impfstoff hierstellen. Dat ass awer net ëmmer méiglech an et kann een dohier bis zu 12 Woche waarde fir déi zweet Dose ze kréien, ouni, dass de Traitement manner effikass ass. A genee déi Approche huelen d’Britten elo fir esou vill Leit ewéi méiglech esou schnell ewéi méiglech déi éischt Dose ze ginn. Ween seng éischt Dose krut, dee kritt déi zweet eréischt ongeféier 12 Woche méi spéit. Wärend der Zäit ass een dann trotzdeem bis zu 70% géint de Virus geschützt.

© pixabay.com

Bis elo krute ronn 15 Millioune Britten déi éischt Impfung verpasst a souwuel Neiinfektiounen an och d’Doudesfäll fänken un lues erofzegoen. De Boris Johnson selwer seet hie wär optimistesch, dass mer geschwënn aus dem Lockdown erausdierfen a wäert dohier e Méindeg säi Plang fir den Déconfinement virstellen. Nodeems d’Britte bal 4 Méint quasi non-stopp am haarde Lockdown ware gëtt et also lo endlech e klengen Hoffnungsschimmer.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter