Zanter 1987 gëtt d’Luxembourg Fest of America all August an der klenger Staat Belgium am Südoste vu Wisconsin gefeiert.

D’Event gëtt vun der Luxembourg American Cultural Society, kuerz LACS, organiséiert.  D’Festivitéite sinn op der Grand Duc Henri Plaza – enger Plaz, déi 2013 an dem Duerf gegrënnt gouf, fir déi staark Relatioun tëscht Lëtzebuerg a senger Ierfschaft mat den USA symbolesch auszedrécken.

Iwwert e ganze Weekend verdeelt kënnen d’Leit u lauter verschiddenen Aktivitéiten deelhuelen. Eng Traditioun vum Luxembourg Fest ass d’Wettiesse mat Träipen : deen deen déi meeschten Träipen an enger gewëssener Zäit ësst, huet gewonnen. Typesch US-Amerikanesch, ebe just mat engem Plat aus der lëtzebuergescher Nationalkichen. Och aner lëtzebuergesch Produit’en fënnt een um Luxembourg Fest: Lëtzebuerger Béier, Wäi vun der Musel, souwéi nationale Cider ginn och do zervéiert.

Nieft Live Bands, Kanner-Entertainment an Autoshows ginn et och Konferenzen iwwer Lëtzebuerg, un deenen een deelhuele kann. Soumat ass d’Luxembourg Fest net nëmmen ënnerhalend, mee och informativ.

Vun de ronn 4.000 Visiteuren all Joer si pro Editioun dovun ongeféier ëmmer eng 50 Lëtzebuerger derbäi laut dem Sara Jacoby, Direktesch vum LACS.

Fir dass och all Kéier alles no Plang leeft, ginn d’Preparatiounen ëmmer gutt ee Joer virun der nächster Editioun lass. D’Serena Stuettgen, eng Mataarbechterin am Musée, huet mir erkläert, dass si no all Fest ongeféier 2 Woche Paus hunn, iert d’Organisatioun fir d’Joer duerno rëm lass geet.

Amplaz am August ob d’Belsch Plage ze fueren, kéint een sech also iwwerleeën, en anert Belsch ze besichen – dat a Wisconsin, an dem d’Luxembourg Fest of America ass.

Lauschtert eran!