Vill Leit bekloe sech iwwert méi staark Niewewierkungen no der 2. Impfung - Féiwer, Kappwéi a Co. Dat ass awer normal an en Zeechen dass se funktionéiert!

Lauschter hei!

Gesondheetsexperten hunn nämlech erkläert, datt dat ganz normal ass. Et wier en Zeechen, datt de Kierper eng Immunitéit opbaut. D'Niewewierkungen hu manner mat der Impfung selwer ze dinn, mee méi domadder, wéi d'Immunsystem d'Impfung verschafft. Féiwer, Kappwéi oder Middegkeet - dat ass nämlech eng natierlech Reaktioun vum Immunsystem.

Einfach erkläert ass eng Impfung e bësse wéi eng Beschreiwung mat Instruktioune wéi de Virus bekämpft ka ginn. D'Impfung seet dem Immunsystem nämlech, wéi de Virus ausgesäit a wéi den Antikierper soll ausgesinn. Als éischten Defense déngt dann dat "Ugebuerent Immunsystem". Dat gräift alles un wat de Kierper als Gefor gesäit. Wärenddeem dat "adaptiivt Immunsystem" de Virus analyséiert an Antikierper baut, wat seng Zäit brauch.

D'Niewewierkungen, wéi zum Beispill Middegkeet oder Kappwéi sinn dann en Zeechen datt de Kierper géint de Krankheetserreeger kämpft. Dës Niewewierkunge sinn normalerweis zimmlech auszehalen an am Normalfall net geféierlech.

Kritt een dann déi 2. Impfung no engem Mount, erkennt de Kierper de Virus a kann en direkt bekämpfen. Déi 2. Impfung déngt och als "Reminder" fir de Kierper, datt  de Covid-19 geféierlech ass. Dat suergt da fir eng méi staark Immunäntwert bei der 2. Impfung, awer och fir zukünfteg Infektiounen. Déi méi staark Niewewierkungen entstinn dann, well dat "ugebuerent an adaptiivt Immunsystem" gläichzäiteg de Virus bekämpfen. Mee no en puer Deeg missten déi awer verschwannen.