Fir net fälschlecher Weis eng Vergewaltegung virgeworf ze kréien, kann ee sech elo mat enger App ofsécheren.

Lauschtert eran

An Dänemark gëtt momentan eng nei App ganz grouss diskutéiert. D'Applikatioun mam Numm IConsent ass eigentlech soss näischt anescht wéi eng Ofsécherung a punkto Sex. Léiert een elo eng Persoun kennen a béid decidéiere sech mateneen ze schlofen, schéckt een eng Ufro déi deen aneren acceptéiere muss. Elo huet ee quasi d'Erlabnis fir eng sexuell Relatioun, déi 24 Stonne valabel ass.

Dat kléngt elo mol komesch, ma huet awer e ganz speziellen Hannergrond. An zwar ass an Dänemark aktuell en neit Gesetz a punkte Vergewaltegung gestëmmt. Deem neie Gesetz no muss elo viru Geriicht mat 100% Sécherheet bewise ginn, dass ee vun deenen 2 kee Sex wollt fir, dass et zu enger Verurteelung ka kommen. Well dat awer viru Geriicht schwéier ze beweisen ass, ass ee Mount no der Stëmmung vum neie Gesetz, dës App op de Marché komm.

Kritt elo nämlech eng Persoun virgeheit eng aner Persoun vergewaltegt ze hunn, kann déi den Accord vun der App virleeën an der een da ganz kloer gesäit, dass béid Säite mam Geschlechtsverkéier averstane waren. Ëmgedréint ass dat natierlech och de Fall. Huet een iwwert d'App ofgeleent an et kënnt zum ongewollte Geschlechtsverkéier, kann een dat natierlech och virleeën. Hunn natierlech déi 2 Betraffen am Viraus näischt iwwert déi App festgehalen, kann am Fall vun enger Vergewaltegung och näischt virgeluecht ginn.

Eng App déi mat Virsiicht ze genéissen ass, well schliisslech kéint eng Persoun och gezwonge ginn de Geschlechtsverkéier dorobber ze acceptéieren, wat dann natierlech viru Geriicht zu grousse Problemer féiere kann.