Netflix schalt sech no enger bestëmmter Zäit automatesch aus. Eng Funktioun déi momentan nach an der Testphas ass.

Lauschtert eran

Den Dag geet op en Enn an et freet ee sech drop, fir sech owes gemitterlech bei d'Tëlee ze leeën an e Film oder eng Serie ze kucken. Dacks dauert et keng hallef Stonn an d'Ae ginn esou schwéier, datt ee se just nach ganz schwéier kann ophalen. Et geschitt da genee dat, wat ëmmer passéiert an zwar schléift een an, an d'Serie rattert bis zum Schluss komplett duerch.

Fir genee dat ze verhënneren, ass Netflix elo am Gaang eng ganz nei Funktioun ze testen. ''Watch Timer'' ass deemno een Timer, deen ee kann astelle fir sécher ze goen, datt Netflix no enger gewëssener Zäit einfach ausgeet wann een zum Beispill nees virum Fernsee ageschlof ass.

Déi éischt Persounen, déi dës Funktioun teste kënnen, ass eng kleng Grupp vun Android-Notzer. Si kréien d'Optioun ugewisen, de Film oder d'Serie no 15, 20, oder 45 Minutten automatesch ze stoppen. Eng aner Méiglechkeet ass hei ''Episod fäerdeg kucken''. Dat soll sécher stellen, dass Netflix déi Episod déi grad leeft, nach fäerdeg ofspillt, dono dann awer keng nei Episod start.

Ob a wéini déi Funktioun fir jiddereen zougänglech ass, ass bis ewell nach net gewosst. Aktuell ass de ''Watch-Timer'' an enger Testphas an d'Entwéckler wëllen eraus fannen, wat d'Notzer wierklech wëllen, brauchen an och notzen.