Kuckt een de Ranking vun der ganzer Welt, dann ass Lëtzebuerg hei ganz kloer an den Top 30.

Lauschtert eran

Den IQ ass den Intelligenzquotient deen duerch en Intelligenztest kann ermëttelt ginn. Dat ass natierlech ëmmer just ee Richtwäert an näischt zu 100% Konkretes, well et keng offiziell Wëssenschaftlech, unerkannten an eendeiteg Definitioun vun der Intelligenz gëtt.

Wann elo also zum Beispill den IQ vu verschiddene Länner matenee vergläicht, muss ee wëssen, dass national, politesch a geographesch Facteuren hei en Afloss op d’Intelligenz hunn. Deemno ass et zum Beispill bewisen, dass e waarmt Klima a markant schlechten Afloss op den IQ huet.

Kucke mer elo mol den Duerchschnëtt hei zu Lëtzebuerg, da leie mer bei engem IQ vu ronn 99. Hei muss een elo och wëssen, dass e Wäert vun 100 e ganz normaalt Resultat ass. Bei 115 schwätz ee quasi scho vun engem iwwerduerchschnëttleche Resultat a bei 85 ass et ënnerduerchschnëttlech.

Kuckt een elo de Ranking vun der Länner op der ganzer Welt, läit Lëtzebuerg op der Plaz 21. Op der 1. Ass Singapur mat engem Schnëtt vun 108 an op der 100. Plaz, Ethiopien mat engem Duerchschnëtt vun 61.

Wann dir elo esou een IQ Test selwer maache wëllt kënnt der hei drënner op de Link klicken. Dësen Test berechent allerdéngs nëmmen ee globaalt Resultat a keen zouverlässegen IQ Wäert.