Millioune Mënschen op der ganzer Welt kennen den Danz aus dem Internet. Een Danz, deen awer kéint deier ginn.

Pompjeeën, Infirmièren, Dokteren, Polizisten, Eisebunner, Verkeeferinnen, jo souguer Prisonéier hu sech vum Hype matrappe gelooss-a mat hirer Choreographie fir Begeeschterung am Netz gesuergt. Di sougenannt „Jerusalema“-Challenge huet awer een deiert Nospill.  D’Plackefirma „Warner Music“ huet nämlech nodréiglech Droit d’auteure gefuerdert.

Warner: "Wee Reklamm fir sech maache wëllt, soll bezuelen"  

Wéi ee Spriecher vun der Plackefirma betount, wier ee frou, dass d’Fans hanner „Jerusalema“ stinn. Wann awer Organisatiounen de Song notze fir sech selwer ze promoten, da sollte si eng Synchronisatiounslizenz sécheren. An dëse schwieregen Zäite wier et méi wichteg wéi jee, dass Kënschtler fir hir Musek bezuelt ginn.

D’Plackefirma weist sech awer och conciliant. Et wier ee sech dem „spezielle Charakter vun der „Jerusalema Dance Challenge“ bewosst a géing di respektiv Situatioun vun den eenzele User berücksichtegen. Dowéinst géing een ënnerschiddlech Präiskategorie fir ënnerschiddlech Notzungen ubidden- an do wieren och reng symbolesch Montante mat dobäi.

Wéinst der gudder Absicht, déi hannert dem globalen Danz-Phänomen matten an der Pandemie steet, stoussen d’Fuerderunge bei de Betraffenen awer op Onverständnis. Allerdéngs gëllt am Prinzip; wann een e Video mat Musek ënnermoolt an de Clip an den Internet setzt, muss een den Auteur vum Titel froen, op een d’Wierk benotzen dierf an Droit d’Auteure bezuelen. Am Fall vu „Jerusalema“ ass dat wéi et schéint villfach net geschitt.

E puer Dausend Euro Fraisen

D’Freed vu ville Leit iwwert hir gefeierte Spaass-Aktioun dierft sech deemno geluecht hunn. D’Notzung vum Lidd „Jerusalema“ soll wéi et heescht an eenzele Fäll e puer Dausend Euro kaschten.

Ee gedanzte Statement fir Liewensfreed an Optimismus

An der rezenter Museksgeschicht gëtt et e wéineg Lidder, där hiren Danz eng weltwäit Begeeschterung an allen Alters-a Bevëlkerungsgruppen ausgeléist huet. Do muss ee scho bal an d‘90er Joren zeréck goe bis bei den Hit "Macarena".