Jiddereen notzt et, déi eng hunn ebe just ee besseren Accès drop wéi anerer. Ma wien huet do d'Nues fir?

Lauschtert eran

Am Joer 2021 ass den Internet aus dem Alldag net méi ewech ze denken. Ma wéi gesäit et dann eigentlech mat der Vitess vum Internet aus, respektiv a wéi enge Länner gëtt et dee séiersten?

An engem Ranking vun den Top 10, fënnt een dann och d'Eldoland erëm. Mir sinn aktuell op der Plaz 7 mat 41 Megabyte pro Sekonn. Hannert eis si da just nach Holland, Schwäiz a San Marino.

Op der Plaze Richtung Podium ass dann op der 6 direkt Japan, e Land wat eis an der Technik wäit viraus ass, huet deemno just 1 Megabyte an der Sekonn méi wéi mer an zwar 42. Dono kënnt dann Dänemark mat 49 a Schweden mat 55.

Um Podium konnt sech dann Jersey mat 76 Megabyte plazéieren. Mat knapp 100‘000 Awunner ass et déi bevëlkerungsräichste Kanalinsel a läit am Ärmelkanal an der Bucht vu Saint-Malo, ronn 150 km viru Groussbritannien.

Op der 2 ass da Singapur mat 70 MB pro Sekonn an op der éischter Plaz konnt sech deemno Taiwan mat 85 Megabyte pro Sekonn néierloossen. Fir e Film mat enger gréisst vu 5GB erofzelueden, brauch een an Taiwan deemno nëmmen 8 Minutten.

Jidderee ka fir sech doheem teste wéi séier den eegenen Internet ass. Um Site www.speedtest.net kënnt dir kucke wéi staark ären Upload an Download ass. Dat variéiert hei natierlech deemno wéi ee Provider a wéi ee Bouquet, dass der kaf hutt.