Virun e puer Deeg waren d'Stroossen uechtert d'Land nach gefruer. Ma mëttlerweil sinn d'Temperaturen esou héich, dass déi éischt Ouschterblumme schonn aus dem Buedem schéissen. Ëm ganzer 18 Grad ass den Thermometer ënnerhalb vun e puer Deeg geklommen.

Lo stellt een sech natierlech d'Fro, ob déi héich Temperaturen eis och weiderhin erhale bleiwen an op de Fréijoer no de kalen Temperature vun deene leschten Deeg dëst Joer éischter do ass.

Ma hei ginn et gemëschten Nouvellen. Als éischt emol eng gutt Noriicht. De laangfristege Previsiounen no sollen d'Temperature bis Mëtt nächster Woch daagsiwwer am zweestellege Beräich bleiwen.

Duerno soll et allerdéngs nees méi kal ginn. Ugangs Mäerz kënnen d'Temperaturen an der Nuecht nees ënner 0 Grad falen. Laut Kalenner geet de Wanter jo nach bis den 20 Mäerz inclus. Allerdéngs steet d'Sonn an den nächste Wochen däitlech méi héich um Himmel wéi an de Wochen a Méint virdrun. Deemno wäert d'Sonnestralung besser op der Äerd ukommen a besser hëtzen.

Och wann de Fréijoer nach net definitiv zu Lëtzebuerg ukomm ass, gesäit et also esou aus, wéi wa mer dat Schlëmmst vun dësem Wanter hannert eis hätten.

Lauschtert hei de Reportage!