D'Zauberer aus Hogwarts suergen ëmmer erëm fir Opmierksamkeet! No enger ugekënnegter Serie ass elo eng interaktiv Ausstellung fir 2022 geplangt!

Lauschter hei!

Harry Potter Fans kënne sech freeën - geplangt ass nämlech eng interaktiv Ausstellung. Dës ass awer net op enger fixer Plaz, mee soll an Nord- a Südamerika, Europa, Asien a Afrika opgeriicht ginn. Wou a wéini déi éischten Ausstellung geplangt ass, ass zu dësem Zäitpunkt awer leider nach net gewosst.

Gewosst ass awer datt d'Ausstellung vun "Imagine Exhibitions" organiséiert gëtt, d'Firma huet deemno och scho genuch Experienz mat der "Hunger Games" an "Jurassic World" Ausstellung gesammelt. Da kann ee sech och sécher sinn, datt d'Organisatioun a gudden Hänn ass. Leider sinn dës Ausstellungen ni an Europa ukomm.

D'Ausstellung soll da knapps 1900 Meterkaree grouss sinn. Do soll een dann op nogebaute Film-Setten déi original Verkleedungen a Requisiten aus den Harry Potter, mee och aus de Phantastischen Tierwesen-Filmer bestaune kann. De Fokus läit dann op den ikoneschste Momenter aus de Film-Franchisen a wëll esou d'Charakteren éieren, mat deenen esou vill Leit opgewuess sinn. Esou kann ee sech dann Hogwarts an "d’Zaubereiministerium" ganz genau ukucken.

D’Fantastic Beast-Fans ginn och net vernoléissegt, well d'Ausstellung soll nämlech och eng Rei vun de sougenannten "Beasts" presentéieren; zum liewe bruecht duerch "Filmmaking Magic".

Da kann ee just ganz gespaant op 2022 waarden a seng Zauberspréch üben.