De neie Vollekssport zu Berlin: Schlitt fueren! Egal ob mat Schlitt, Schlauchbooter, Schëlder,oder Baustellenofsperrungen. Haaptsaach et rutscht!

Zanter 5 Joer wunnt d'Wencke zu Berlin an zanter deem gouf et nach ni esouvill Schnéi an der däitscher Haaptstad! Et huet wierklech wéi fréier an der Schivakanz ausgesinn. Allerdéngs net ganz, well et hei bis op e puer Ausnamen net wierklech héich Bierger gëtt. Trotzdeem huet Berlin e neie Vollekssport vir sech entdeckt: Schlitt fueren!

All nach esou klenge Bierg ass dofir genotzt ginn. Wou all déi Berliner hire Schlitt hier haten huet jidderee sech gefrot, vue dass hei esou gutt wei ni Schnéi leie bleift. Mee momentan ass gefillt jidderee mam Schlitt ënnerwee. Wie kee Schlitt huet geet wei all gudde Berliner op Ebay Kleinanzeigen. Dorausser ass dann alt rëm e Geschäft gemaach ginn. Ënner 100 Euro huet ee kee Schlitt fonnt an ech schwätzen hei vun alen verramschte Schlitter déi ausernee falen. Eng Frechheet. Naja Nout mëscht erfinderesch an esou hunn ech méi wei eemol Leit op ale Skateboarder ouni Rieder gesinn. En souzesoen ëmfunktionéiert Snowboard ouni Sécherheet. Anerer hu sech aus z.B. Edeka Panneauen e Schlitt oder Snowboard Alternative gebastelt. Haaptsaach et rutscht! Ee vun den Haaptparken dee bekannt ass vir Drogekriminalitéit an onerlaabten Technoparties gouf zum Schlitt-Hotspot. Ech natierlech mat der Schnëss virbäi. Et huet een tatsächlech kuerz vergiess dass mer ëmmer nach matten an engem Lockdown sinn. Ech weess och net wat hei schif leeft, mee et gouf esouguer Leit déi mat Baustellenofsperrungen de Bierg erofgerutscht sinn. Anerer hunn hier d´Schlauchboot vum Summer ëmfunktionéiert. Eppes muss een de Berliner loossen, Nout mécht se erfinderesch. Di verschneite Weekender waren eng schéin Ofwiesslung zu der gefillt eenzeger Aktivitéit am net ende wëllende Lockdown. Spadséiere goen ass zwar schéin, mee am Schnéi de Bierg erof rutschen ass nach e bëssi besser!

Lauschtert eran!