Capitani ass déi éischt lëtzebuergesch Serie, déi op der weltwäit gréisster Streaming-Plattform disponibel ass.

An engem Duerf zu Lëtzebuerg, an deem Jidderee Geheimnisser huet, ënnersicht de granzegen Inspekter Luc Capitani de suspekte Mord un engem 15 Järege Meedchen...

Esou d'Beschreiwung vun der Crime-Series Capitani, déi zanter dem 11. Februar op Netflix disponibel ass. An zanterhier steet d'Serie och konstant un der Spëtzt vun der Top 10 hei zu Lëtzebuerg. Dass Netflix un dëser Serie interesséiert war, ass net verwonnerlech. Se ass einfach richteg gutt. Schonn zum Schluss vum Joer 2019 hunn déi 12 Episoden op RTL iwwer 1,5 Millioun Leit erreecht. An och de Journalist hannert dësem Artikel huet d'Serie einfach an engem Rëtsch misse kucken. Bis um 5 Auer moies obwuel et e puer Stonnen dono schonn nees op d'Schaff gaangen ass.

Wéi et sech fir Netflix gehéiert, gouf d'Serie natierlech och op vill verschidde Sprooche synchroniséiert. Net just op Däitsch, Franséisch oder Englesch, ma och op méi exotesch Sprooche wéi zum Beispill Russesch.

An International kënnt d'Serie dann och gutt un. Weltwäit ass Capitani aktuell déi véiert meescht-gestreamt Serie. An enger aktueller Ëmfro no, fuerderen 90% vun de Spectateuren eng zweet Staffel.

An och soss passt Capitani perfekt an d'Schema vu Netflix. 12 Episoden, déi alleguer ëm déi 26 Minutten daueren an all Kéiers mat engem Cliffhanger ophalen. Esou bleift et permanent spannend. Perfekt also fir Binge-Watching.

Unerkennung kritt Capitani virun allem wéinst senger komplexer Story. Verschidden internationale Medien (wéi zum Beispill Forbes oder de Musikexpress) vergläichen d'Serie mat Produktioune wéi Broadchurch oder Twin Peaks.

Et si gutt Schauspiller, déi déifgrënneg Personnage spillen. Op der enger Säit de Luc Capitani, e granzegen Inspekter vun ausserhalb, dee sengersäits och eng donkel Vergaangenheet huet. Hëllef kritt hie vun der Polizistin Elsa Ley, dat sengersäits alles a jiddereen am klengen Duerf kennt.

Gelueft gëtt virun allem, dass wärend der Serie vill verschidde Personnagen opdauchen, déi net just déifgrënneg behandelt ginn, ma och hir respektiv Geheimnisser an hir Roll als Verdächteg ginn explizitt thematiséiert. Bis zum Schluss weess een net, wien dann elo genee fir de Mord responsabel war.

Déi lëtzebuergesch Krimi-Serie gouf vum Thierry Faber geschriwwen, an de Christophe Wagner war de Regisseur. D'Serie gouf och komplett hei zu Lëtzebuerg gedréint. An der Haaptroll vum Luc Capitani war et de Luc Schiltz, an d'Sophie Mousel an der Roll vum Elsa Ley.

D'Dréiaarbechte fir déi zweet Staffel vun der Serie sollen elo am Mäerz dëst Joer ufänken. Bis elo ass zu der Handlung vun dëser gewosst, dass de Luc Capitani aus dem Prisong fräigelooss gëtt an Undercover op der Stater Gare ënnerwee ass.