Waasser, Nuddelen an Toilettëpabeier. Produiten déi, am Kampf géint de Virus, Liewe retten. Hätt ee lescht Joer kéinte mengen, ma dëst Joer ass et anescht.

Lauschtert eran

Wéi lescht Joer am Mäerz ugekënnegt ginn ass, dass Schoulen, Geschäfter a Coiffere mussen hir Dieren zou maachen, hat een e Gefill wat ee bis dohinner nach net hat. E Gefill wéi wa Krich ausgebrach wär, esou léist dat sech op jiddefalls aus der Reaktioun vun de Leit eraus liesen.

Hamsterkeef war dee Begrëff deen een onënnerbrach héieren huet. Toilettëpabeier ass gehamstert ginn, wéi wann dat deen Artikel wär deen engem an Noutsituatiounen d’Liewe rette kéint. Gottseidank huet sech dat mat der Zäit awer e bësse berouegt. Ma elo, quasi am zweete Lockdown, sinn et aner Artikelen déi ee grousse Succès hunn.

An Däitschland hunn och d’Coifferen am zweete Lockdown nees missten dru gleewen an hu kee Client dierfte coifféieren. Dat huet natierlech dozou gefouert, dass sech d’Leit mat der Woll um Kapp hu misste selwer hëllefen an hu sech deemno Produite kaf fir sech selwer ze coifféieren. Produite fir d’Hoer sinn also hei am zweete Lockdown, virun allem an Däitschland, ee Muss. Dat bestätegen esouguer Amazon an Ebay.

Donieft sinn et dann och nach d’Energydrinks an den Tomatekonzentrat déi an der zweeter Well e grousse Succès hunn. Dat léisst sech eventuell domat erklären, dass d’Leit permanent midd sinn an dëser Zäit a sech duerch esou een Drink erhoffen nees méi monter ze ginn. An de Konzentrat brauchen der vill, well se d’Kache fir sech entdeckt hunn.

Den Toilettëpabeier ass dann awer aktuell net méi de Grond wisou d’Leit an d’Supermarchéë rennen.