Seng Emotioune kann ee mëttlerweil gutt mat Smileyen ausdrécken. Duerch en Update sinn elo nees ganz nei an ugepassten Emojien eraus.

Fréier, wéi Handye grad ganz nei um Marché waren, war ee frou esou erreechbar ze sinn, sief et iwwert Telefon oder SMS. Et war deemno schonn een Highlight wann ee mat enger Klamer an engem Doppelpunkt e Smiley hannert en Text konnt setzen. Ma elo am Joer 2021 gräife mer dacks op Emojien zeréck, fir iwwert e Message eisen emotionalen Zoustand auszedrécken.

Ma am Kader vun der neister Beta-Versioun vun iOS 14.5 sinn nei Emojien fir iOS disponibel. Notzer kënne sech hei iwwert 217 nei Emojie freeën. Dozou gehéieren ënnert anerem en Häerz dat brennt, ee Gesiicht dat ausotemt an ee geschlechtsneutrale Mënsch mat Baart.

Déi meescht Emojie bidden hei d'Optioun fir eng geschlechtsspezifesch Standardastellung, oder et kann ee bestëmmt Geschlecht ausgewielt ginn, fir eben een Emoji als Mann oder Fra duerzestellen.

Eng weider Upassung huet d'Sprëtzen-Emoji kritt. Well duerch d'Pandemie ëmmer méi Leit vun deem Symbol gebrauch gemaach hunn, huet déi nei Versioun elo kee Blutt méi an der Sprëtz mee eng duerchsichteg Flëssegkeet déi hei, a wie wonnert et, d'Impfung soll duerstellen.

Ma och de Kopfhörer-Emoji krut en Update. Bis ewell ware se schwaarz, ma elo änelen se deenen neien AirPods Max vun Apple.