An ärem Duerf ass dëse Weekend e virtuellt oder e richtegt Buergbrennen? 
Da weist eis är Buerg a kommentéiert mat enger Foto ënnert eise Facebook Post.

Zu Boxer an zu Nouspelt ginn dëst Joer Buergbrennen an enger besonnescher Form organiséiert.

Dëse Weekend ass et nees esouwäit. Uechtert d'Land gëtt dat traditionellt Buergbrenne gefeiert. Oder géif gefeiert ginn. Wéinst de Mesure géint de Coronavirus ass et den Ament jo net onbedéngt esou evident sech zu ville Leit op enger Plaz ze versammele fir do e Feier ze maachen. Ma eng Partie Veräiner a Jugendorganisatioune sinn dëst Joer nawell ganz kreativ ginn, fir hiert Buergbrennen trotz den aktuelle Restriktiounen organiséieren ze kënnen.

Esou zum Beispill zu Boxer. Wéi de President vun der Jeunesse Boxer, den David Kreutz, erkläert, hätt een als éischt mam Gedanke gespillt fir d'Buergbrennen dëst Joer mat den entspriechende Mesuren ze organiséieren. Ma et hätt een awer séier agesinn, dass een net garantéiere kéint, dass jiddereen sech un dës Mesuren hale géif.

Dowéinst wier een op d'Iddi komm allen Awunner vu Boxer en sougenannte schwedescht Feier - dat si mobil Feier, déi aus geschniddene Bamstämm hiergestallt ginn -  heem ze bréngen. Vue dass zu Boxer nëmmen 142 Haiser stinn, hätt een des schwedesch Feieren dann och an engem Nomëtten hiergestallt. Dës sollen d'Awunner zesumme mat enger Tut Fueskichelcher an enger Tut Marshmallowen heem geliwwert kréien.

Ma och fir dass d'Awunner sech fir dëse Service bedanke kënnen ouni géint d'Coronamesuren ze verstoussen huet een zu Boxer eng kreativ Léisung fonnt. Et wäert een de Leit nämlech mat enger Angel e Säckelchen dohinner halen. An dëse kënnen d'Leit dann eng kleng Spend leeën. D'Angel gëtt dobäi agesat, dass een de Mindestofstand zoueneen anhale kann.

Och zu Nouspelt wäerten d'Awunner sech de Weekend op e Buergbrenne mat guddem Iessen an deenen eegene 4 Wänn freeë kënnen, wéi den Alain Biver, President vun der ASBL Nouspelter Buergbrenner, ze ziele weess. D'Nouspelter Buergbrenner, déi dat Nouspelter Buergbrennen all Joers organiséieren hunn den Awunner vun Nouspelt nämlech Flyeren  hir Bréifboîte geheit. Op dëse konnten si bis de 14. Februar ukräize wat fir en Iessen a wat fir e Gedrénks si e Samschden Owend iessen, respektiv drénke wëllen. Dëst wäerten si dann e Samschden Owend heem geliwwert kréien.

Iwwerdeems wäert dëst Joer zu Nouspelt net de Wanter, mä eppes anescht verbrannt ginn. Déi Responsabel vun den Nouspelter Buergbrenner hu sech nämlech dofir entscheet dëst Joer de Coronavirus ze verbrennen. Wéi genee a wou de Covid-19 soll verbrannt ginn, wollt den Alain Biver allerdéngs net verroden. Dat aus 2 Grënn: Fir d'éischt wéilt een net riskéieren, dass Leit op d'Plaz géife komme fir d'Verbrenne vum Virus live ze kucken. Dann hätt een nämlech riskéiert, dass déi sanitär Mesuren net kéinten agehale ginn. Ausserdeem soll déi genee Aart a Weis op déi de Virus verbrannt gëtt eng Iwwerraschung ginn.

Um 18h00 e Samschden Owend wäert een d'Verbrenne vum Coronavirus dann op der Internet- an der Facebooksäit vun den Nouspelter Buergbrenner verfollege kënnen.

Lauschtert hei de Reportage!