Mat der éischter Foto vum Rover ass d'Euphorie grouss! No laangem waarden, kann déi eigentlech Missioun um Planéit elo richteg lassgoen.

Am Juli 2020 huet d’NASA vun der Base am Cape Canaveral an den USA, eng Rakéit mam Mars-Rover Perseverance a Richtung Mars geschoss. 2,2 Milliarden Euro a ronn 8 Joer Entwécklung huet dës Maschinn kascht. Dee Rover ass e Roboter deen um Mars soll verschidde wëssenschaftlech Fuerschunge duerchféieren, bei deenen och ënnersicht gëtt ob um Mars Liewen ass oder ob et jeemools Liewe gouf. Dofir ass en natierlech och gutt equipéiert an dat mat 7 wëssenschaftlechen Instrumenter, 23 Kameraen an engem Laser. Geschier wat dat technescht Wonnerwierk op stolz 1‘000 Kilo bréngt.

Nodeems déi ganz Missioun 8 Joer laang geplangt gouf an d’Rees bis op de roude Planéit ronn 6 Méint gedauert huet, war elo dee spannendste Moment do. Dat komplizéiert war hei ganz kloer d’Landung. Geplangt war se am ''Jezero Crater'', eng Plaz déi bis ewell nach net wierklech konnt ënnersicht ginn. D’Wëssenschaftler ginn dovunner aus, dass do viru ronn 3,5 Milliarde Joren ee Séi war, deen iwwert d’Joren ausgedréchent ass.

De Grond wisou se grad do wollte landen ass deen, dass dat déi einfachst a beschte Plaz ass fir ze ënnersichen ob et jeemools Liewen um Mars ginn ass. Ma dat ass awer net dat eenzegt wat eis de Rover soll erméiglechen. Dobäi kënnt, dass mat him Mikroen an esouguer ee klengen Helikopter fir di éischte Kéier hire Wee op dee Planéit fannen. Domat ass et awer nach net genuch! Et ass och déi éischte Kéier, dass d’NASA zesumme mat der europäescher Raumfaartagence ''Esa'', Prouwe vum Mars zeréck op d’Äerd bréng fir se hei ze ënnersichen.

Eng Missioun bei der den ''Touchdown'' um Mars als dee schwéiersten Deel gesi gouf. Woubäi een och muss soen, dass dat hinnen am Joer 2012 schonn eng Kéier mam Rover Curiosity gelongen ass. Ma elo si mer 2021 an eng nei Missioun steet um Programm, eng Missioun déi elo mat der erfollegräicher Landung um roude Planéit eigentlech eréischt richteg ugeet.