Ofgesi vun der Lëtzebuerger Kultur, déi virun allem am mëttlere Weste vun den USA wäitverbreet ass, gëtt sech och em dat administratiivt gekëmmert.

Soumat huet och Wisconsin e lëtzebuergescht Konsulat. Fir méi iwwert de bürokrateschen Aspekt vun der Lëtzebuergesch-Amerikanescher Relatioun erauszefannen, hunn ech mech mam Mike Ansay getraff, dem Éirenkonsul vu Lëtzebuerg hei am Wisconsin.

Obwuel hie selwer zwar kee Lëtzebuergesch schwätzt, ass hien duerch säi Papp a Grousspapp trotzdeem staark Lëtzebuergesch-orientéiert opgewuess. Dëse Lien zu eisem Land huet hien dozou gefouert, eng Rei Lëtzebuerger Initiativen aktiv ze ënnerstëtzen. Engersäits huet hien d’Luxembourg American Cultural Society matgegrënnt a gesponsert, anerersäits huet hien och eng Handvoll Firmen etabléiert déi sech fir d’lëtzebuergesch-amerikanesch Relatioun asetzen.

Dësen Asaz fir Lëtzebuerg an d'USA op verschiddene Levele mateneen ze verbannen huet dunn dozou gefouert, dass de Mike Ansay 2013 vum Ausseministère zum Éirenkonsul fir Lëtzebuerg zu Wisconsin ernannt gouf an et bis haut ass.

Him no ass dat flottst un där Aufgab, nach méi Geleeënheeten ze hunn, mam Lëtzebuerger Vollek ze interagéieren an de Leit ze hëllefen, sief dat op engem geschäftlechen, administrativen oder kulturellen Niveau.

Kontakt mam Lëtzebuerger Staat huet den Här Ansay ongeféier zwee bis dräi Mol de Mount. Zousätzlech flitt hien och ongeféier zwee bis dräi Mol d’Joer a Lëtzebuerg, fir live sur place ze si fir verschidde Visitten a Rendez-vous’en.

Trotz sengem faszinéierende Liewenslaf a senge beandrockenden Titele war hien awer och drun interesséiert, mir als Lëtzebuergerin Froen iwwer allméiglech ze stellen. E gelongenen Ofschloss vun der Visitt gouf et duerch d’Fläsch Rosé vun der Musel déi ech geschenkt kritt hunn, déi hien duerch seng eegen Importfirma heihi liwwere gelooss huet.

Lauschtert eran!