
© Eldoradio
Den Horoskop vum Eldo seet iech är Woch viraus, dat mam passende Sound!
Widder
Sam Smith - Diamonds
Eis Widderen hunn net nëmmen en stuere Kapp, ma dofir och Frëndschaften esou staark ewéi Diamanten.
Steier
Calvin Harris feat Frank Ocean & Migos - Slide
D’Steiere sollen et net iwwerdreiwen, well d’Gefor besteet datt se soss ausrutschen.
Zwilling
P!nk - So What
Zwillinge solle sech net alles esou zu Häerzen huelen. Heiansdo muss ee sech einfach soe “So what”.
Kriibs
Alligatoah x Sido - Monet
Heiansdo zweiwelen eis Kriibsen u sech, dovu solle se sech awer net ënnerkréie loossen.Léiw
Christina Perri - Jar of hearts
D’Léiwe sinn zimmlech melancholesch, mee et gi keng Wonnen, déi d’Zäit net heele kann.
Jongfra
Hi_Tack - Say Say Say
D’Jongfrae musse gedëlleg sinn. Der wäert gesinn: Wie waarde ka gëtt och belount!
Wo
Olivia Rodrigo - Drivers License
Onofhängegkeet ass fir d’Woen ganz wichteg. Si loossen sech net ronderëm kommandéieren.
Skorpioun
Ed Sheeran - Afterglow
D’Skorpioune sollen haut relaxen a probéieren déi eenzel Momenter ze genéissen.
Schütze
Kygo & Donna Summer - Hot Stuff
D’Schütze kënne gespaant sinn, well fir si gëtt et zimmlech "HOT".
Steebock
Camila Cabello - Cry for me
D’Steebéck sollen hir Gefiller net verstoppen an alles erausloossen, well duerno geet et hinne besser.
Waassermann
Robin Schulz feat. Francesco Yates - Sugar
D'Waassermänner mussen oppassen, well wie mam Feier spillt, dee verbrennt sech gären.
Fësch
Sia - Together
Zesumme sinn d’Fësch am stäerksten, well mat Frënn kann een einfach alles erreechen.