Eng Etüd aus den USA beseet DASS Hondsbesëtzer hire Mupp méi dacks kusse wéi hire Partner.

Lauschter hei!

Den Hond ass dem Mënsch säi beschte Frënd - eng Etüd liwwert elo esouguer de Beweis. Organiséiert vun JustFoodForDogs, goufe bei enger Ëmfro 2.000 Leit no hirem Verhältnis mat hirem Hond befrot.

Erauskomm ass, datt e bësse méi wéi 50% hiren Hond effektiv méi dacks kusse wéi hire Partner. Een dach eendeitegt Zeechen, dat weist wie mir anscheinend léiwer hunn. Mee domat net genuch: nach eemol genee esou vill Leit huelen den Hond nämlech och mat an d'Bett.

Mee och do hält d'Léift fir de Mippchen net op. Se geet esouguer esou wäit, datt 70% vun de Leit, éischter sech selwer schuede géifen, wéi hirem Hond. D'Hallschent huet esouguer uginn datt si Rendez-vousen ofgesot hunn, just fir datt de Mupp net eleng muss sinn. D'Gesondheet vum Hausdéier ass anscheinend och méi wichteg wéi di eegen: iwwert 60% huelen dem Mupp méi oft en Rendez-vous beim Dokter, wéi fir sech selwer.

D'Etüde bestätegt just wat mir all wëssen - de Mupp ass en Deel vun der Famill an eise beschte Frënd! Mir wëlle just dat bescht fir eise pelzege Kolleeg - well e mécht eis schliisslech bedéngungslos glécklech!

Des Weidere loossen iwwer 40% de Mupp op d'Fotell oder op de Schouss an deelen hiert Iesse mat him. Knapps iwwert 30% loossen den Hond esouguer mat an d'Buedzëmmer (sief et fir ze duschen oder beim Geschäft op der Toilette) oder kafen Dekoratiounen déi un de Mippchen erënneren, och wann dësen eemol net méi do ass.