E Freideg ass de Minister Henri Kox op d'Aufgabe vun der Police an d'Erausfuerderunge mat deenen dës konfrontéiert ass, agaangen.

D'Police ass den Ament e present Thema. Am Laf vun de leschte Woche war et zu enger Partie Diskussiounen tëscht der Policegewerkschaft an dem Minister fir déi bannenzegst Sécherheet, Henri Kox, komm. Ma den Ament gëtt awer och eng gréisser Policereform ëmgesat. Op enger Pressekonferenz dëse Freideg huet de Minister Kox Detailer iwwert d'Ëmsetzung vun der Reform ginn. Hien ass awer och op d'Erausfuerderunge mat deenen d'Police konfrontéiert ass an op zukünfteg Projeten agaangen.

Fir dass de Rechtsstaat zu Lëtzebuerg garantéiert wier, misst d'Police dem Henri Kox no ënnert der Autoritéit vun der Justiz funktionéieren.
D'Policereform aus dem Joer 2018 wier dann och an d'Weeër geleet gi fir, dass d'Police hiren diversen Aufgaben nokomme kéint. D'Erhéijung vum Effektiv vun de Poliziste wier ee wichtege Volet vun der Reform gewiescht, dee besonnesch bei der Bekämpfung vun der Drogekriminalitéit éischt Resultater weise géif. Awer och op d'Bekämpfung vun anere strofrechtleche Phenomener hätt d'Erhéijung vun der Zuel vun de Polizisten e positiven Effet. Esou goufen et am Januar 17 an am Februar 3 Festnamen am Garer Quartier vun der Stad an zu Bouneweg.

E weidere wichtegen Deel vun der Reform wier iwwerdeems d'Fusioun an d'Modernisatioun vun de Policekommissariater. Esou sollen eng Rei Policekommissariater uechtert d'Land renovéiert a moderniséiert ginn. Ausserdeem ginn den Ament méi ewéi 40 Digitaliséierungs-Projete bei der Police ëmgesat.

Ma fir, dass déi strofrechtlech a sozial Problemer geléist ginn, misst d'Police och mat aneren Acteure kooperéieren. Hei wier et dem Minister no wichteg, dass et um Terrain zu enger Zesummenaarbecht tëscht der Police an de Sozialdéngschter kënnt.

Schliisslech misst sech dem Minister no d'Kommunikatioun tëscht de Policegewerkschaften an der Direktioun verbesseren. Fir dass dat geschitt ass dann och virgesinn e Mediateur anzestellen

Dem Henri Kox no, kéint déi ëffentlech Uerdnung op jiddwer Fall nëmme vun enger staatlecher Instanz, déi demokratesch kontrolléiert ass, ausgoen.

Lauschtert hei de Reportage!