Etüde beweisen, dass eng Isoléierung och en negativen Afloss op eist kierperlecht Wuelbefannen huet an dat net grad wéineg.

Lauschtert eran

Fir mol direkt kloer ze stellen, de Mënsch ass e soziaalt Wiesen. D’Interaktioun mat anere Leit ass fir eist Wuelbefanne genau esou wichteg wéi Iessen an Drénken.

Wa Mënsche sozial isoléiert sinn an iwwert ee méi laangen Zäitraum nëmme wéineg sozial Kontakter hunn, kann dat serieux kierperlech Symptomer ervirruffen. Schonn an de 1940er Joren huet den amerikanesche Psycholog René Spitz an enger Etüd beschriwwen, dass Kanner an Heemer bei ze wéineg Léift a sozialer Interaktioun, Mental oder esouguer Kierperlech verkomm sinn an dat obwuel se genuch Iessen an Drénken haten.

De Mënsch ass einfach net dofir gemaach eleng ze sinn. Fréier, a prähistoreschen Zäiten, ware mer dorop ugewisen zesummen ze liewen, fir eist iwwerliewen ze sécheren. Wa mer also zu der Zäit bemol op eis eleng gestallt waren, huet de Kierper sech selwer an Alarmbereetschaft gesat an d’Stresshormon Cortisol ausgeschott. A genau dat passéiert och nach haut.

Niewent de psychesche Folgen duerch d’Isolatioun wéi Depressiounen an Angschtzoustänn, komme wéi gesot och nach eng Rei kierperlecher dobäi. Bei Mënschen déi isoléiert oder zum Deel isoléiert sinn, ass d’Stresshormon Cortisol am Blutt dauerhaft erhéicht, wat en negativen Afloss op eis Immunsystem huet. An enger Meta-Etüd konnt nämlech déi amerikanesche Wëssenschaftlerin Julianne Holt-Lunstad noweisen, dass Mënsche mat sozialen Interaktioune vill manner ënner Krankheete leiden an esou méi eng grouss Warscheinlechkeet hu gesond ze bleiwen.

D’Isolatioun ass deemno eppes wat net nëmmen nervt, mee och nach en negativen Afloss op eis kierperlech a psychesch Gesondheet huet.