D'Sonn kënnt eraus, et gëtt nees méi waarm an d'Villercher fänken erëm un ze zwitscheren - et ass Fréijoer!

Lauschter hei!

Nodeems et dobaussen zimmlech kal war, gëtt et elo nees richteg angeneem. Et kann e sech quasi de ganzen Dag laang d'Sonn op de Bauch schénge loossen an nei Energie tanken. Et fillt ee sech direkt méi motivéiert a glécklech! Mee wat huet d'Fréijoer eigentlech fir en Effekt op eise Kierper an eise Geescht?

Dat waarmt Wieder suergt fir gutt Laun; fir dat ze wësse muss ee kee Wëssenschaftler sinn. Mee net nëmmen dat gutt Wieder huet en Effekt op eis mental Verfassung, virun allem ass et d'Liicht selwer. D'Deeg ginn erëm méi laang - et gëtt méi frei hell a méi spéit däischter. Dat suergt dofir datt eist Gehier manner Melatonin produzéiert, wat och als Schlof-Hormon bekannt ass. Manner Melatonin heescht besser Laun a méi Motivatioun.

Well et méi laang hell ass produzéiert de Kierper ausserdeem och méi Serotonin, dat Hormon dat eis euphoresch a glécklech mécht.

D'Fréijoer ass awer net nëmmen eppes fir d'A, mee och fir d'Nues. Och wann nach keng Blumme bléien, richt et am Fréijoer aneschters wéi am Wanter. De Geroch bréngt vill al Erënnerungen héich a steigert d'Virfreed op dat "richtegt Fréijoer", wann d'Blummen ufänke mat bléien an d'Villercher zwitscheren.

Spéitstens wann d'Fréijoer den 21. Mäerz dann och richteg ufänkt, kann een dem Wanter-Blues fir dëst Joer endgülteg "Äddi" soen.