De Wanter war dëst Joer wierklech kal - am léifsten hätt een 3 Jacketten ugedoen an trotzdeem huet een heiansdo Leit am T-Shirt oder Short dobausse gesinn.

Jidderee kennt mindestens eng Persoun déi komplett onberéiert vu kalem Wieder ass. Ob et elo -20 oder +20 Grad sinn – T-Shirt oder kuerz Box geet ëmmer. Fir d’Majoritéit vun de Leit ass dat awer ondenkbar.

Eng Etüd déi am  „American Journal of Human Genetics” verëffentlecht gouf, liwwert elo awer eng Erklärung firwat verschidde Leit méi „immun“ géint d'Keelt si wéi anerer. Dat ganzt huet mam Protein „α-actinin-3” ze dinn. 1.5 Milliarde Mënsche feelt dëst Protein nämlech – dat wier ongeféier all fënneft Persoun weltwäit.

Fir d’Experiment hu Wëssenschaftler aus Schweden a Litauen 42 Männer wuertwiertlech an d’Kaalt Waasser geheit. Dat ganzt fir hir Kierpertemperatur ze reduzéieren. Nodeems si verschidden Tester gemaach hunn, hu si rausfonnt datt bei verschiddene Kandidaten d'Protein feelt. 70% vun de Kandidaten ouni d'Protein konnten hier Kierpertemperatur méi laang op engem “normale” Level halen– si waren also méi tolerant géint d'Keelt.

Dat ganzt soll dann en evolutionäre Grond hunn. Wéi ufanks d’Mënschen a méi kal Géigende migréiert sinn, huet dat feelend Protein fir e Virdeel gesuergt. Haut hëlleft dat ville Mënsche fir am Wanter besser duerch d'Keelt ze kommen. Wann dir also nächste kéier eng Persoun am T-Shirt oder an der kuerzer Box bei äisegen Temperature gesitt, da wësst der elo firwat.