Mir Mënsche gesinn eis dacks als dat eenzegt clevert Liewewiesen um Planéit. Eng Iwwerleeung déi net ubruecht ass.

Lauschtert eran

Wann ee sech verschidde Leit mol esou ukuckt da weess een, dass déi grad Spadséiere ware wéi de léiwe Gott d'Gehierer verdeelt huet.

Ok, nee mee elo mol serieux. Net nëmmen d'Mënsche kënne sech iwwert ee gewëssen Intellekt freeën, mee och verschidden Déieren. Kuckt ee sech de Ranking un da mierkt een, dass et nawell méi wéi eng Aart gëtt déi zimmlech intelligent ass.

An den Top 10 hu mer dann op der 10 de beschte Frënd vum Mënsch an zwar den Hond. Wëssenschaftler ginn dovunner aus, dass dësen déi geeschteg Fäegkeete vun engem 2 Joer jonke Kand huet.

Op der Plaz 9, 8, 7 a 6 konnt sech dann de Papagei, Elefant, d'Bei an d'Seejomes néier loossen. Dono ginn d'Déieren da schonn e gutt Stéck méi grouss. D'Plaz 5 geet hei nämlech un d'Walen an dat net einfach eng bestëmmten Zort, mee d'Walen am allgemengen. Zimmlech séier kënne se mënschlech Zeechesprooch verstoen an an eegen Handlungen ëmsetzen. Dofir ginn a verschiddene Parken och dacks Killerwalen trainéiert.

Dono op der 4 kënnt dann e weidere Bewunner aus dem Mier, nämlech den Oktopus. Eréischt säit kuerzem ass bekannt, dass se nawell zimmlech schlau sinn. Fir si ass et zum Beispill kee Problem e Schraufverschloss op ze maache fir u Fudder ze kommen.

Um Podium hu mer dann op der 3 de Kueb, op der 2 d'Afen an op der 1 a wie wonnert et, den Delfin. Hiert Gehier ass dem vum Mënsch extrem änlech. Si kenne positiv an negativ Emotiounen, Selbstbewosstsinn a sinn an der Lag hiert Verhalen ze steieren. Delfinen empfannen eng Zouneigung fir en aneren, hu e Plang wa se eppes maachen a kënnen esouguer komplex Aufgabe léisen