Capitani ass een internationalen Erfolleg. Wat bedeit dat dann, wann ee selwer op eemol international berüümt gëtt? Dat hu mer den Timo Wagner emol gefrot!

Viru bal dräi Joer gouf déi éischt Staffel vu Capitani gefilmt. Am Joer 2019 gouf se dunn op RTL ausgestraalt. Do war déi éischt lëtzebuergesch Krimi-Serie och gutt ukomm. Ma et huet awer wuel keen domat gerechent, dass Capitani och op der gréisster Video-Streaming-Plattform vun der Welt géing landen. Nach manner, dass d'Serie och einfach emol op Netflix an direkt 46 Länner ënnert deenen 10 meeschtgekuckte Serie géif landen.

Lauschtert hei de Schnellcheck mam Timo

Fir den Timo Wagner muss et wuel nach eemol een anert Gefill gewiescht sinn. Hien huet nämlech an der Serie matgewierkt. Dat an der Roll vum Frank Ferrone, engem Zaldot vum Bierg deen am Bësch zu Mënscht stationéiert ass. Mat 27 Joer bei esou enger grousser lëtzebuergescher Produktioun dobäi ze sinn ass schonn eng Éier. Ma dann och nach international op Netflix gekuckt ze ginn war dann ee richtege "What the F*ck"-Moment, wéi den Timo eis selwer am Eldo-Interview sot. Säi Beruff ass een ongewinnten: Schauspiller. An dat haaptberufflech.

De Wee vum Schauspiller ass keen einfachen. Besonnesch elo mam Succès vu Capitani si vill Jonker déi sech bei him mellen, an hie froen, wéi hie säi Wee gaangen ass. Ma fir den Timo war de Wee kloer, wéi e sech bis fir dësen decidéiert hat: "D'Schauspillerei muss de Plang A sinn an et soll ee sech kee Plang B an C sichen." Well wann de Plang A net direkt funktionéiert, si vill Leit déi da vun dësem ofloossen. Dobäi muss ee sech bewosst sinn, dass de Wee vum Schauspiller net einfach ass. An, dass et dacks Réckschléi ginn. "Et muss een heiansdo mam Kapp puermol widder d'Mauer lafen bis, dass déi dann och bréckelt", esou den Timo weider.

Lauschtert hei deen éischten Deel vum ganzen Interview

Ma mir hu mam Timo och driwwer geschwat, wéi et dann um Set war. Wéi zum Beispill d'Zesummenaarbecht mat grousse Lëtzebuerger Schauspiller war. An d'Ambiance tëscht deenen eenzele Leit. Ma mer hunn och emol nogefrot, wat d'Zukunft dann esou bréngt, an ob d'Presenz op Netflix do och schonn éischt Resultater gewisen huet.

Lauschtert hei deen zweeten Deel vum ganzen Interview