Nieft eise romantesche Relatiounen, sinn d'Frëndschafte mat dat Wichtegst an eisem Liewen. Wat kann een da maachen, wann et do net sou gutt geet?

1. Déi richteg Kommunikatioun

Et kann ee falsch a richteg kommunizéieren. Am Beschten ass et, wann d'Situatioun schonn ugespaant ass, do opzepassen. Wann een e Problem uschwätze wëll, attackéiert een déi aner Persoun am Beschten net direkt. Amplaz ze soen: "Du mells dech net", ass d'Versioun: "Ech hunn d'Gefill kritt, dass mer net méi vill matenee schwätzen" scho manner op Konfrontatioun aus.

2. Sech un al Zäiten erënneren

Fréier Zäite verbannen. Och dann nach, wann aktuell eng gewëss Distanz an der Frëndschaft entstanen ass. Ma grad dann ass et net schlecht sech emol nees perséinlech ze gesinn, an iwwer fréier Momenter ze schwätzen an och ze laachen. Dat verbënnt op en Neits, a weist engem och, wéi vill een dach schonn zesummen erlieft huet an och iwwerwonnen huet.

Lauschtert hei déi 5 Tipps!

3. Sech Zäit huele fireneen

An dat net nëmmen eemol, mee ëmmer nees. Grad wann ee studéiert oder ugefaangen huet mam Schaffe goen, ass et gäre mol méi schwéier sech ze gesinn. Dobäi ass et wichteg Zäit ze fannen a sech géigesäiteg ze weisen, dass engem de Kontakt wichteg ass. Wann et méiglech ass, am Beschten ee fixe Rendez-Vous fir all Woch oder Mount ze fannen.

4. Reegelméisseg kommunizéieren
Heiansdo sinn et déi kleng Saachen am Liewen. An déi kleng Messagen, Tags op de soziale Medien, oder Sproochnoriichten sinn heiansdo genee dat Richtegt. Well doduerch kënne mer eng aner Persoun an eisen Alldag mat abezéien. A ganz vill Zäit hëlt et net. Dofir: wann der spontan un eng Frëndin oder ee Kolleeg denkt: weist hinnen et! Si freeë sech sécher doriwwer, dass se an ärem Kapp nach ëmmer eng Plaz hunn.

5. Fräiraum ginn

Sou komesch dat och kléngt, mee heiansdo ass dat gesondst fir eng Frëndschaft, oder och eng aner Relatioun, dass ee sech Fräiraum léisst. Besonnesch wann et villäicht méi héich hiergaangen ass, ass et och gutt emol ze waarde bis d'Gemidder sech berouegt hunn. Wann der dann nees ee klore Kapp hutt, an der iech da wëllt ausschwätzen, wësst der allen zwee wéi vill är Frëndschaft iech bedeit.