Schlofen ass guer net esou einfach – et ass ee midd wann ee wakereg soll sinn an ëmgedréint. Ëmmer méi Leit leiden u Schlofstéierungen.

Lauschter hei!

Wie kennt et net: Et rennt een an d’Dier, et geheit ee säi Glas ëm oder et vergësst wat ee maache wollt. Duerno ass een da genervt well einfach näischt klappe wëll. Dat sinn alles Zeeche vu Schlofmangel. Schlof suergt nämlech dofir datt eise Kierper richteg funktionéiert an datt mir emotional méi ausgeglach sinn.

Schlofmangel ka kuerzfristeg, mee och laangfristeg Folgen hunn. Dat geet vun ageschränkter Motorik bis hin zu méi Falen am Gesicht. Deels kann ee jo souguer richteg fille wéi d’Energie ee verléisst.

Et ginn eng ganz Rëtsch Grënn déi zu Problemer beim aschlofe féiere kënnen. Déi heefegst si Stress, emotional Belaaschtungen oder onreegelméisseg Bett-Zäiten. Dacks sinn awer och schlecht Ernierung oder d’Blo-Liicht vum Smartphone Schold drun, datt een owes einfach net ukënnt.

Dat Skurrilt: An deene meeschte Fäll wësse mir esouguer datt mir net genuch schlofen, mee ignoréieren et ganz einfach – et ass ee jo trotzdeem eenegermoosse fit. Esou mierke vill Leit dacks guer net datt se ënnert akutem Schlofmangel leiden.

Fir besser a méi erhuelsam ze schlofen, soll een am beschten den Handy oder de Fernsee owes virum schlofen duerch e Buch ersetzen. Vläicht nach mat enger gudder Taass Téi dobäi, Téi hëlleft nämlech erofzekommen a berouegt eis. Generell ass et gutt virum schlofe goen eng Routine ze entwéckelen. No an no gewinnt de Kierper sech dann un deen neie Rhythmus: Et schléift ee méi séier an an ass den Dag drop manner midd.