De Physiker Richard-Feynman hat sech um Ufank vu senger Karriär eng eege Method fir ze Léieren afale gelooss an hat domadder och relativ vill Erfolleg.

Wien kennt et net? Et huet ee fir d'Prüfung oder den Exame geléiert an d'Saachen, déi ee geléiert huet eigentlech och verstanen. Eigentlech! Well an der Prüfung oder dem Exame fält engem dann op, dass ee vill Froen awer net beäntwere kann. E Problem, dee meeschtens dann optaucht, wann een eppes auswenneg léiert ouni et ze verstoen.

D'Léisung fir dëse Problem läit dann och op der Hand. Et muss een esou léieren, dass een dat wat ee léiert och versteet. Ma dës, op den éischte Bléck einfach Aufgab, ass dacks méi schwéier, wéi ee mengt.

Déi sougenannte Feynman-Method soll engem hëllefe genau dës Aufgab ze meeschteren. De Physiker Richard Feynman soll dës um Ufank vu senger Karriär entwéckelt hunn.

D'Method besteet aus 4 Schrëtt.

Als éischt soll een de Sujet, deen ze léieren ass, enger anerer Persoun erklären. Falls ee keng aner Persoun fënnt, kann een och maachen ewéi wann een enger Persoun de Sujet erkläert. Ideal ass et, wann dës Persoun nach ni eppes vum Sujet héieren huet. Da muss een dësen nämlech an all Detail erklären.

Am zweete Schrëtt soll een dann d'Lacunnen déi een an dësem Sujet huet notéieren. Dank dem éischte Schratt, geet dat och ganz einfach. Et schreift een sech einfach all Aspekt op, deen een net erkläre konnt.

Am nächste Schratt mécht ee sech dann drun seng Lacunnen opzeschaffen. Dëst andeems een sech déi Aspekter, déi een net erkläre konnt, nach eng Kéier ukuckt an dës besonnesch gutt léiert.

De véierte Schrëtt ass dann erëm quasi identesch mam éischten. Et sicht een sech erëm eng Persoun ouni Virwëssen zum Sujet an erkläert dëser de Sujet esou gutt ewéi méiglech. Och hei schreift een sech erëm op, wann een eppes net erkläre kann.

Dës Schrëtt widderhëlt een einfach bis een all Aspekt vum Sujet verstanen huet.

Lo kann ee sech natierlech froen, ob dës Method och eppes bréngt. Ma de Richard Feynman huet mat hir ëmmerhin zu engem Nobelpräis an der Physik bruecht. Da sollt et fir de Premièresexamen wuel och duergoen.

Lauschtert hei de Reportage!