Verschiddenes muss een einfach maachen, och wann een et net gär mécht. Hei zwee Tipps fir sech d'Liewe méi einfach ze maachen.

Lauschtert eran

Jiddereen deen Doheem reegelméisseg säi Bakuewe benotzt, weess wat et heescht deen ze botzen. Wann nämlech alles bis ugebak ass an ee stonnelaang muss schruppen, da sinn d'Hänn an d'Fangere bemol méi séier wond wéi ee ka kucken. Probéiert ee sech virun deem ganzen ze drécken, fänken d'Iessensreschter bemol un ze sténken a spéitstens da kënnt een net méi dolaanscht. Eng Aufgab déi sécher vill Leit haassen an dat zu Rescht. Ma Gottseidank ginn et och do e puer Live-Hacks déi engem d'Liewe méi einfach maachen.

Deen éischte groussen Tipp ass, sech selwer ee Botzmëttel aus Bakpolver, Esseg a Waasser ze mëschen. Dat ganzt an eng feierfest Schossel schëdden, an den Uewe stellen a mat engem Schwamm déi ugebake Plazen am Bakuewen areiwen. Elo ass dee gréissten Deel quasi och scho gemaach. Dat ganzt loosst der nämlech elo just fir 45 Minutte bei 100 Grad stoen. Déi Zäit kënnt der elo notze fir eppes anescht ze maachen, well den Uewe botzt sech quasi vu ganz eleng.

Sinn déi 45 Minutten eriwwer, muss der just mat engem viischte Schwamm vu bannen alles ofmaachen an am beschten dono mat engem dréchenen Duch driwwer fueren. Ganz wichteg ass hei dat eréischt ze maache wann den Apparat ofgekillt ass.

Ma d'Glas virum Holzuewen, wann een esou een doheem huet, kann ee relativ séier an einfach propper kréien. Dofir hëlt een einfach viischte Kichepabeier, et zappt een en an d'Äschen a mécht domat d'Fënster of. Dono muss ee just nach mat enger anerer Lomp driwwer fueren a voilà, d'Glas ass picco bello.