Wollt dir ëmmer scho wësse wéi schlau der wierklech sidd? Mat dësen Tester kënnt der, wann der se geléist kritt, iech zu deene Cleveren zielen.

Wéi clever sinn ech? Eng Fro déi sech bestëmmt scho mol deen een oder anere gestallt huet. Ma do ginn et e puer Rätselen, déi eigentlech nëmmen déi Leit léise kënnen déi ee besonnesch héijen IQ hunn.

Oppassen!

D'Léisunge stinn ëmmer direkt ënnert de Fotoen.

Bus-Rätsel

A wéi eng Richtung fiert de Bus? D'Opléisung steet ënnert der Foto.

RTL

© locopengu.com

Villäischt ass iech opgefall, dass de Bus keng Dieren huet an dat ass och schonn d'Léisung vum Rätsel. Geet een elo vu Länner aus an deene Rietsverkéier ass, fiert de Bus hei op der Foto no lénks.

Dräieck-Rätsel

Wéi vill Dräiecker kann een op dësem Bild erkennen ?

RTL

© Kumar Ankit

D'Léisung ass net ganz einfach. Tatsächlech si 25 Dräiecker am Bild ze fannen. Déi meescht gesinn der hei awer nëmme 24. Den Trick ass, dass den ''A'' an der Ënnerschrëft vum Kënschtler och en Dräieck ass.