Et wäert natierlech ni einfach si mat der Gewunnecht opzehalen. Ma denkt drun, dass alles méiglech ass wann een nëmme wëll.

Lauschtert eran

Wien fest entschloss ass mam Fëmmen opzehalen, soll sech ëmmer am Hannerkapp halen, dass ee mat deem Kampf net eleng ass. Um Marché ginn et tonne Produiten an Techniken, déi hëllefe sollen, den Nikotin-Entzuch méi einfach, agreabel a séier ze maachen.

Fänkt domat un, dass der iech ee fixen Datum setzt op deem der ophaalt, fir de Stellewäert vun den Zigaretten net ze erhéijen. Wielt en Datum an deenen nächsten zwou bis dräi Wochen.

Ass et bis esou wäit musst der iech beschäftege fir net un d'Fëmmen ze denken a loosst alles aus ärer Wunneng verschwanne wat un d'Sucht erënnert. Donieft ass et dann och nach wichteg vill Waasser ze drénken. Halt iech permanent e Glas parat.

Déi Mënschlech Psych ass nämlech bestiechlech a wëll kuerzfristeg positiv Konsequenzen. Profitéiert also vun deem Geld wat der elo spuert a belount iech selwer domat a vermeit Situatiounen déi iech un d'Fëmmen erënneren.

Zu gudder lescht nach dee beschten Tipp. Maacht genuch Sport! Déi kierperlech Aktivitéit entspaant, hieft d'Stëmmung, lenkt of, hält fit a léisst Glécksgefiller aus. Domat schlot der direkt e puer Mécken direkt mat enger Baatsch fir en duebelt gesond Liewen.

Natierlech ass et wichteg ze betounen, dass mer hei vun enger Sucht schwätzen an, dass et esou oder esou kee Spadséiergang gëtt. Et kënnt een deemno net dolaanscht heiansdo zollit mussen op d'Zänn ze bäissen.