Dacks kritt ee Reklammen heem geschéckt déi direkt an d'Dreckskëscht fléien. Ma maacht dat an Zukunft net méi.

Lauschtert eran

Jidderee vun eis huet ganz sécher doheem Zeitungspabeier. Ma amplaz se nom liesen an d'Dreckskëscht ze geheien, kann d'Zeitung multifunktionell agesat ginn och wann een dat op den éischte Bléck net géing mengen.

Wann der deemnächst drun denkt äert Haus komplett ze botzen a bei de Fënstere verzweiwelt well der nees nëmmen alles verschmiert, da kennt der op Zeitungspabeier zeréck gräifen. Zerknautscht e puer Säiten a fuert domat iwwert d'Glas. Passt just op, dass der dobäi just iwwert d'Fënster selwer fuert, soss kënne virun allem hell Kaderen, sech duerch d'Tënt e bësse verfierwen.

Natierlech kënnt der d'Zeitung och nach fir aner Saache benotzen, wéi zum Beispill als Kaddospabeier. Huet deemnächst nees ee Bekannte Gebuertsdag, da verpaakt de Kaddo einfach an dee bedréckte Pabeier, gesäit individuell aus a lant nom auspake souwisou an der Dreckskëscht.

Zu gudder Lescht dann nach den ultimativen Trick. Wann iech eng Kéier e Glas eng Vas oder e Spigel op der Buedem fält, da benotzt den Zeitungspabeier fir Schierbelen opzerafen. Alles wat der dofir maache musst ass de Pabeier e bësse viischt ze maachen an op Schierbelen ze leeën. Dës gi vum Pabeier ugezunn an esou kënnt der alles zesummen ewech geheien. Mir recommandéieren dono trotzdeem eng Kéier mam Staubsauger iwwert de Buedem ze fueren, sécher ass sécher.