Déi weltwäit Sich no Bitcoin dréit dann och zum Problem vum Klimawandel bäi.

Déi digital Wärung Bitcoin leet kontinuéierlech u Wäert zou. Vun 8 Cent am Joer 2009 ass de Wäert vun engem eenzege Bitcoin mëttlerweil op iwwer 45.000 $ geklommen. Kee Wonner also, dass vill Leit probéieren op déi eng oder aner Manéier u Bitcoine ze kommen.

Ee Wee fir un déi digital Wärung ze kommen ass de sougenannte ''Mining''. Dat geschitt mat Computeren, déi dacks extra fir dëse Virgank konstruéiert goufen. Ma fir Bitcoine ze minen mussen dës Computere permanent komplex Aufgabe léisen. Si lafen also op Héichtouren a verbrauchen deementspriechend vill Elektresch.

Wéi funktionéiert de "Mining" no Bitcoins?

Fir ze verstoe firwat de Mining no Bitcoine esou vill Stroum verbraucht, muss een sech dann e bësse méi genee ukucke wéi dëse Prozess funktionéiert. Dofir, muss een als éischt wëssen, dass Bitcoine uechtert déi ganz Welt op verschiddene Computeren a Servere gespäichert sinn. Déi digital Wärung kann awer och vun engem Computer op een aneren transferéiert ginn. Dat geschitt zum Beispill, wann eng Persoun eppes mat Bitcoine keeft oder hir Bitcoine géint eng klassesch Wärung wéi zum Beispill den Dollar oder den Euro antausche wëll.

Ma genee bei sou engem Transfert vu Bitcoine kommen déi speziell Computeren, déi fir ze minen genotzt ginn, an den Asaz. Si iwwerwaachen esou Transaktiounen a sollen esou verhënneren, dass Onéierlecher dës zu hirem Virdeel manipuléieren.

Als Belounung hunn d'Leit, déi dës Computere bedreiwen dann d'Chance, dass si e Brochdeel vun engem Bitcoin op hire Computer transferéiert kréien. Dat ganzt ass also méi oder wéineger eng Lotterie. Allerdéngs ass et eng Lotterie, bei där een seng Chance fir ze gewannen erhéije kann. Dëst andeems ee méi Computere fir ze minen notzt. Wann ech mat engem Computer minen ass meng Chance e Brochdeel vun engem Bitcoin ze kréie kleng. Wann ech awer 10.000 dëser Computeren asetzen ass meng Chance op dës Aart a Weis Bitcoine ze kréien 10.000 mol esou héich. Wann ech dës Computeren dann nach ronderëm d'Auer lafe loosse steigert dat meng Chancen zousätzlech. A genee dat gëtt dann och gemaach. Ronderëm d'Welt stinn Hale mat zéngdausende Computeren déi no Bitcoine minen.

De Stroumverbrauch huet en Impakt op de Klimawandel

Wéi Fuerscher vun der renomméierter Cambridge University am Kader vun enger Etüd ausgerechent hunn, verbraucht dat weltwäit minen no Bitcoine pro Joer dann och 121,36 Terawattstonnen u Stroum. Dat ganzt Land Argentinie verbraucht an engem Joer grad emol 121 Terawattstonnen.

Ma wat ass elo de Problem? Ganz einfach. De Gros vum Elektresch, deen dës Computere verbrauche gëtt den Ament nach a Kuelekraaftwierker produzéiert. Ma dës Kraaftwierker stoussen enorm Quantitéiten un CO2 aus.

CO2? Do war dach eppes? Genee! CO2 ass e sougenannten Zäregas. Also ee Gas, deen dozou féiert, dass d'Temperatur hei op der Äerd kontinuéierlech klëmmt. Genee, wéi de Präis vum Bitcoin. A genee do, läit de Fuerscher no de Problem. Jee méi de Bitcoin u Wäert gewënnt, desto méi interessant, gëtt et dësen ze minen, desto méi Computere ginn dofir agesat, desto méi CO2 gëtt fräigesat.

Déi rezent Decisioun vum amerikaneschen Automobilkonstrukteur Tesla, 1,5 Milliarden $ an déi digital Wärung ze investéieren, kéint iwwerdeems dozou féieren, dass hire Wäert nach weider klëmmt.

Verschidde Fuerscher, fuerderen dowéinst schonn eng CO2 Steier op alleguerten déi digital Wärungen anzeféieren, fir hiren negativen Impakt op de Klima sou wéinstens deelweis ofzefiederen.

Lauschtert hei de Reportage!