© Eldoradio
Den Horoskop vum Eldo seet iech är Woch viraus, dat mam passende Sound!
Widder
Tiësto - The Business
Weise gëllt! Fir eis Widderen zielen Aktiounen an net Wierder.
Stéier
Avril Lavigne - I'm with you
Och wann et emol méi schwéier Momenter ginn, mierken d'Stéieren, dass se ni wierklech eleng sinn.
Zwilling
Twenty One Pilots - Stressed Out
Eis Zwillingen hunn nees d'Gefill, dass hinnen den Daach op de Kapp fält. Zitt iech roueg fir puer Deeg zeréck.
Kriibs
Linkin Park - Waiting For The End
D'Kriibse si richteg wibbeleg an der Lescht. Hir Gedold ass de Moment quasi inexistent.
Léiw
The Weeknd - Earned it
Dir wësst, dass der vill geschafft hutt. Dofir genéisst elo eng wuelverdéngte Paus!
Jongfra
Eminem - Sing for the Moment
D'Liewe leeft elo of an net an der Zukunft. Eis Jongfraen liewen all Moment voll aus.
Wo
Genetikk Feat Sido - Liebs Oder Lass Es
Et stinn e puer Entscheedungen un fir d'Woen. Wat muss ophalen, wat bleift?
Skorpioun
Jax Jones, Years & Years - Play
D'Skorpioune si bereet mam Spillen opzehalen. Et gëtt also Eescht an deenen nächsten Deeg.
Schütze
Justin Timberlake ft T.I. - My Love
Et war ee schwéiere Schrëtt sech fir d'Léift opzemaachen. Elo kritt der éischt Resultater.
Steebock
Mark Forster - Au Revoir
Et ass Zäit fir Eddi ze soen. D'Steebéck fille sech prett fir mat engem Kapitel ofzeschléissen.
Waassermann
Dua Lipa - We're Good
Wann et net passt, huet et och kee Wäert eppes z'erzwéngen. Domat mussen eis Waassermänner aktuell eens ginn.
Fësch
Lily Allen - Not Fair
Eis Fësch si grad mat Ongerechtegkeete konfrontéiert. Loosst iech net ënnerkréien!