Nei Technik aus Japan – e Bildschierm fir ze lecken! Klengt skurril, mee schmaacht anscheinend gutt.

Lauschter hei!

Eis Geschmaachs-Knospen erkennen am Ganze 5 Goûten: Salzeg, sauer, batter, séiss an umami. Déi 5 Grond-Goûte kéint een e bësse mat deenen 3 Primär-Faarwe vergläichen, mat deenen een all aner Faarf zesummemësche kann. Kéint ee mat där richteger Kombinatioun vun deene 5 Geschmaachsrichtungen also och all Liewensmëttel-Goût reproduzéieren?

Dat hu sech och Japanesch Fuerscher vun der Meiji Universitéit gefrot an e leckbare Bildschierm erfonnt. De sougenannten “Norimaki Synthesiser” ass e Gerät dat de Goût vun all Liewensmëttel simuléiere kann.

Dat Ganzt gesäit e bëssen aus ewéi e Mikro, just datt een net dra schwätzt, mee dru leckt. Op der Uewerfläch si 5 Tüben an deene jeeweils e Gel mat engem vun deene 5 Grond-Goûten dran ass. Also salzeg, séiss, sauer an esou weider. Hält ee sech dee leckbare Bildschierm da widder d'Zong, schmaacht een dat Liewensmëttel, dat een am Virfeld programméiert huet. Bei den Tester konnten d’Fuerscher de Participanten deemno all Geschmaach simuléieren. Dat goung vu Gummibiere bis Sushi.

De japanesche Wëssenschaftler no kéint den “Norimaki Synthesiser” fir eng ganz nei Multimedia-Erfarung suergen. D’Maschinn hätt nämlech e grousst Potential a wier e Schratt an d'Zukunft. Zum Beispill kéint een esou all méiglech Iesswueren aus dem 3D-Drucker printen. Domat net genuch - a Kombinatioun mat virtueller Realitéit kéint een déi digital Erfarung nach méi realistesch maachen.