Et gi vill Leit déi panesch Angscht viru Sprëtzen hunn. Do ginn et awer e puer Tuyauen déi engem hëllefe besser mat der Panik eens ze ginn.

Lauschtert eran

Am Joer 2021 steet een Objet grouss am Fokus an zwar d’Sprëtz. Jidderee muss sech an noer Zukunft mam Thema Impfen ausernee setzen. Ob ee sech elo impfe léisst oder net, ass jidderengem selwer iwwerlooss.

Ma et gi vill Leit déi virun enger Sprëtz Angscht hunn. Fir genau ze si ginn et zwou verschidden Typpe vun Angscht. Déi déi kee Blutt oder Verletzunge kënne gesinn an déi déi eng isoléiert Angscht virun der Sprëtz selwer hunn.

Donieft ginn et natierlech och nach Mënsche bei deenen déi Phobie esou ausgepräägt ass, dass see schwaach falen. Dat läit virun allem dorunner, dass kuerz virum Picken de Bluttdrock an de Bols staark klëmmt. Nodeems d’Nol eraus gezu gouf, entspane sech d’Gefässer vun der Muskulatur. De Bluttdrock fält a kuerzzäiteg huet een deemno manner Blutt am Kapp an et verléiert een d’Bewosstsinn.

Fir sengen Ängschten do entgéint ze wierken an ee sech besser op eng Impfung kënnen anzeloossen, ass et ideal der Persoun déi d’Sprëtz mécht dovun ze erzielen. Erzielt och wann der bei enger Impfung scho mol eng Kéier schwaach gefall sidd. Dir musst iech ëmmer am Hannerkapp halen, dass virun iech e Professionelle sëtzt, dee weess wat e mécht an den néidege Know-How huet fir iech ze calméieren.

Wat der op kee Fall maache sollt, ass d’Situatioun aus Angscht ze meiden. Doduerch staut sech d’Panik ëmmer méi an dir kritt nii d’Méiglechkeet sech aus deem Lach kënnen eraus ze zéien.