Gutt schlofen ass wichteg. An do kéint déi schéinsten Niewesaach vun der Welt hëllefen! Mee do kënnt et anscheinend och op d'Positioun un...

Den Handy ass Owes aus, déi waarm Mëllech gouf och villäicht gedronk. An awer sidd der net ausgerout no der Nuecht. Ma eng Etüd huet elo mol gekuckt wéi Sex sech op eise Schlof auswierkt.

Lauschtert hei eran!

An dëser Etüd vun TheDozyOwl hunn am Ganzen 1'652 Persounen deelgeholl. Hei gouf ënnersicht wéi de Bettsport sech op eisen REM-Schlof auswierkt. Wärend dräi Méint ass et ënnert der Bettdecken vun de Participanten héich hiergaangen. D'Schloffuerscher hunn dobäi scho mol festgestallt, dass sech de REM-Schlof am Duerchschnëtt ëm 8 Prozent verbessert, wa virum Schlofen och op der Matrass zesumme geturnt gëtt. Wa mer op de bessere Schlof fir déi jeeweileg Geschlechter kucken, dann hunn d'Männer effektiv méi dovun. Si hu ronn 12% méi REM-Schlof duerch Sex. Bei de Fraen ass et mat 2% däitlech manner. Dat soll doru leien, dass bei Fraen duerch Sex éischter de Kapp nohalteg stimuléiert gëtt, a bei de Männer de Kierper. Dofir schlofe Männer allgemeng nom Sex méi séier an.

Ma et ass awer net nëmmen de Sex u sech deen eis besser schlofe léisst. Och d'Positioun vum Sex spillt anscheinend eng wichteg Roll. Dofir goufen vun de Leit an der Etüd déi 25 beléiftste Sex-Positiounen getest. A wéi eng ass do am Beschten? De Gewënner ass hei "Doggy-Style". Dës Positioun erhéicht d'REM-Phasen ëm ganzer 43%! Duerno kommen d'Lotus-Positioun (39%) an den "Adler" (35%) um Podest.

Haaptsaach Sex ass dann awer och net de Motto. Et ginn nämlech op der anerer Säit Sex-Positiounen déi eis méi schlecht schlofe loossen. Do ass besonnesch de sougenannten "Tirebouchon" ganz schlecht. Duerch dës Positioun verréngere sech eis REM-Phasen direkt ëm 26%. Wann der also nach ee gudde Grond hutt fir ärem Stupp ganz no ze kommen, da gëtt et elo ee weideren.